Tëscht Bruch a SëllAuto rennt op der N8 géint Bam, Strooss zum Deel blockéiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint 7.20 Auer koum et op der N8 tëschent Bruch a Sëll zu engem Accident.

Aus bis ewell onbekannte Grënn huet e Chauffer hei d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass géint e Bam gerannt. Op Nofro deelt de CGDIS mat, dass eng Persoun blesséiert gouf. Direkt nom Accident hat et nach ausgesinn, wéi wa kee beim Accident verwonnt gi wier.

Ekippe vun der Police, ma och vum CGDIS sinn op der Plaz. Den Ament geet et op der concernéierter Streck nëmme schlecht laanscht.

Back to Top
CIM LOGO