
En Donneschdeg den Owend koum et zu Esch an der Uelzechtstrooss zu enger Kläpperei, bei där eng Persoun mat engem Besser blesséiert gouf. Den Täter ass dono mat enger E-Trottinett geflücht. Méi Patrulle goufen op Esch geschéckt, fir nom Ugräifer ze sichen, wat hinnen dann och gelongen ass. Bei him konnt e Messer séchergestallt ginn. Wärend d'Polizisten hirer Aarbecht nogoungen, huet de Verdächtege si ëmmer nees menacéiert. E Protokoll géint hie gouf erstallt.
D'Affer konnten d'Beamte vun der Police awer trotz der Sich net lokaliséieren.