
Eng Grupp vun dräi Männer huet op der Héicht vun der Cour du Couvent e Mann menacéiert. Ee vun de presuméierten Täter huet him eng Rei Géigestänn aus senger Täsch geklaut. Dobäi wier et och zu Handgräiflechkeete komm. D’Brigangen sinn no der Dot geflücht, d’Ermëttlunge goufen opgeholl.
An de leschte Stonne krut d’Police dann och direkt e puer Abréch an Autoe gemellt. Zum Beispill e Freideg den Owend zu Betteng op der Mess, wou Boergeld an en Handy geklaut goufen.
An der Uewerstad net wäit fort vun der Fouer gouf e Rucksak aus engem Auto geklaut. D’Täter sinn a béide Fäll geflücht, d’Police enquêtéiert.
E Freideg am spéiden Nomëtteg krut d’Police dann nach eng Persoun gemellt, déi an engem Akafszenter um Kierchbierg geklaut hätt. De Verdächtege konnt vun enger Patrull gestallt ginn a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. E Samschdeg de Moie war schonn Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.