
D'Horesca fuerdert, datt d'Personal aus hirem Secteur prioritär geimpft gëtt. Dat seet de Generalsekretär vun der Federatioun François Koepp am RTL-Interview. A Preparatioun vun der geplangter Ouverture vun de Banneraim vu Caféen a Restauranten d'nächst Woch hätt een e puer Prezisioune kritt, ma et géing een och nach ëmmer op Äntwerte waarden.
D'Horesca fuerdert, datt en Test fir selwer ze maachen nach gëllt, wann ee vun engem Restaurant oder Café an den nächste geet oder wann een am Hotel e puer mol am Dag ësst. Do hätt een awer vu Säite vun der Santé nach keng Äntwert kritt, sou de François Koepp.
Well si sinn nach um debattéieren an der Santéskommissioun an ech mengen, dat kann an der Praxis iwwerhaapt net anescht ausgeféiert ginn. Stellt iech mol vir, e Client geet grad an d'Stad eppes drénken, da geet en heem, da gesäit en do zwee Kolleegen. Da soen d'Kolleegen "oh dann huel nach e Patt mat eis, an engem anere Betrib". Da misst en do rëm en neie Schnelltest maachen. An dat bannent enger hallwer Stonn. Dat mécht jo kee Sënn, ganz éierlech. Wat soll dee Schnelltest anescht weisen, wéi dee vu virdrun.
Kloer wier awer elo, datt d'Clientë sech bannen am Lokal teste kënnen.
Dass een net muss baussen am Reen stoe bleiwen, et ass awer all Restaurateur iwwerlooss, wéi en dat wëll maachen, ob en dat wëll bannen oder bausse maachen, oder à part wëll maachen. Ech menge jidderee muss sech do selwer organiséieren.
Eng Rei Betriber hätte sech och d'Fro gestallt, ob si d'Clienten teste missten, dat wier awer net esou.
D’Schnelltester, déi een op der Plaz selwer ka maachen, sinn eng vun 3 Optiounen, alternativ kann een e PCR-Test matbréngen, dee manner wéi 72 Stonnen al ass, oder e Schnelltest, dee vun engem Professionelle gemaach gouf, dee manner wéi 24 Stonnen al ass.
Vun e Méindeg bis e Mëttwoch kréien d'Betriber 500.000 Tester verdeelt, déi fir d'Clientë geduecht sinn. E Méindeg kruten d'Betriber och Bréiwer vum Gesondheetsministère fir Tester, déi wieren awer fir d'Personal geduecht.
Dat heescht si kréien do keng Tester geschéckt, si kréien e Bréif, do steet dran, datt een zu engem bestëmmten Zäitpunkt op enger bestëmmter Plaz seng Tester kann ofhuele goen, fir d'Personal ze testen.
D'Representatioun vum Horeca-Secteur fuerdert awer doriwwer eraus, datt d'Personal prioritär geimpft gëtt.
Mir sinn all Dag am Kontakt mat méi wéi 150.000 Leit a wa mer elo rechnen, wann der vill aus dem Teletravail erëmkommen, si mer am Kontakt mat iwwer 200.000 Leit den Dag. Ech mengen, do géif dat dann och Sënn maachen."
LINK: Chambre de Commerce: Guide d’utilisation pour soutenir les entreprises