D'Commission Justice et Paix ass net zefridde mat der aktueller Entwécklung vun deem Secteur.
fVirun ronn 30 Joer gouf de Lëtzebuerger Schëffspavillon gegrënnt, zanterhier si mir eng Seefahrernatioun - ma d'Branche ass zimmlech diskret a réckelt bal nëmme bei Accidenter oder Entféierungen an d'Aktualitéit.
207 Schëffer fueren aktuell ënnert Lëtzebuerger Pavillon, de Gros si Bunker- a Baggerschëffer, 15 Prozent si Croisièresschëffer.
Ronn 14.500 Mënsche schaffen ënnert Lëtzebuerger Pavillon, déi gréisste Contingent maachen d'Philippinner aus mat 20 Prozent, 9 Prozent si Belsch, da kommen Ukrainer, Inder, Kroaten, Hollänner.
Lëtzebuerg gëtt opgefuerdert, d'Hong Kong-Ofkommes vun 2009 z'ënnerschreiwen. Do geet et drëm, fir déi katastrophal Aarbechtskonditioune beim Abwracke vu Schëffer a Länner wéi dem Bangladesch unzeprangeren.
