Invité vun der Redaktioun (22. Mee) - Paulette Lenert"Et ass kloer, datt ech elo mol an der zweeter Rei sinn"

Claude Zeimetz
E Freideg de Moie war ënnert anerem hire Wiessel an de Staatsrot Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun; Paulette Lenert
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Ëmmer wa sou e Wiessel usteet, fillt een eng gewësse Spannung, dat sot e Freideg de Moien d'LSAP-Deputéiert Paulette Lenert een Dag no hirer Designatioun an der Chamber als neie Member vum Staatsrot. Si hätt ganz vill Respekt virun der neier Aufgab, wier awer zouversiichtlech, datt sech dat "ganz séier wäert abiergeren". D'Oppositiounsdeputéiert aus dem Osten an Ex-Ministesch gëtt an der Woch vum 8. Juni an hirer neier Funktioun an der héijer Kierperschaft vereedegt. De Ben Streff réckelt da fir si an d'Chamber no.

"Ech sinn e Mënsch vun der Exekutiv"

Si hätt sécherlech net geplangt, fir no de leschte Chamberwalen an d'Chamber ze kommen. D'Zil wier kloer d'Regierung gewiescht. Mä nawell hätt se am Parlament eng aner Perspektiv kritt a wéilt déi Zäit um Krautmaart och net méi mëssen. D'Spëtzekandidatin fir d'Sozialisten huet awer net verstoppt, datt si éischter e Mënsch wier, dee gären an der Exekutiv ass. Also an der Regierung, fir Decisiounen och kënnen ze huelen. Si wier ongedëlleg a wéilt Saache gären no fir bréngen. Dat misst ee sech an der Oppositioun awer "ofschminken". Kritiker soen effektiv, datt déi fréier Gesondheetsministesch ni an hirer Roll als Oppositiounsdeputéiert ukomm wier.

D'Paulette Lenert selwer ass der Meenung, datt si notamment am Logement awer verschidde Saachen ustousse konnt. Et géif dann awer dacks net séier genuch viru goen duerno, fënnt eis "Invitée vun der Redaktioun". Aner Theeme wéi d'Walgesetz wieren net sou opgegraff ginn.

De Wiessel hätt sech elo richteg ugespuert

Hätt si hiert Mandat fäerdeg gemaach, wa sech de Wiessel an der Staatsrot fir den Yves Wagener (déi Gréng) net opgedoen hätt? Doriwwer wéilt si net spekuléieren, huet d'Paulette Lenert gemengt. Virun engem Joer wier se net op déi Iddi komm, mä et hätt sech elo richteg ugespuert. Grad an der Hallschent vun der Legislatur. Do kéint sech dann och een Neien aschaffen. Dat ass bekanntlech keen anere wéi de Ben Streff. Also den demissionäre Parteimanager, dee mat senger ëffentlecher Kritik un der Performance vun den LSAP-Ex-Ministeren och d'Paulette Lenert bei eis um Radio viséiert hat. Als perséinleche Konflikt géif si dat net gesinn. Si géif sech awer erwaarden, datt Politiker virum Mikro Orientéierung géife ginn. De Fokus sollt méi um Inhalt leien.

"Dat heite war mäi fräie Choix"

D'Paulette Lenert huet insistéiert, datt hire Réckzoch aus der éischter Rei an der Politik awer absolut vun hir ausgaange wier. "Ech loosse mer meng Decisioun eigentlech ni opdrängen", huet si ënnerstrach. Si hätt jo ëmmerhin och e puer Leit mat där Decisioun iwwerrascht. Den Interview vum Ben Streff hätt wuel eng gewësse Skepsis ausgeléist, och intern, huet d'Politikerin no e puer Nofroe schlussendlech zouginn. Mä am Endeffekt wier villes zesumme komm, wat si zum Wiessel bruecht hätt.

Et hätt sech och ëmmer méi akut d'Fro no enger weiderer Participatioun bei den nächste Chamberwale gestallt, duerfir wier elo e gudde Moment komm, fir "e Wiessel da méiglech ze maachen".

Stand haut schléisst d'Paulette Lenert eng Kandidatur fir d'Chamberwalen 2028 aus

Si wéilt sech net ze vill op d'Zukunft festleeën. An der Politik kéim villes onverhofft. Mä si hätt sech elo mol kloer an déi zweet Rei gestallt. Eng Partei géif net mat enger Persoun stoen oder falen. Et misst ee selwer aschätzen, wéi eng Kraaft ee fir wat hätt, sou eis Invité.

Bei hir géif et net un der Motivatioun, mä éischter un der Kraaft happeren. Politik géif ganz vill Kraaft fuerderen. An et sollt ee selwer wëssen, wéini et besser ass e Gank zréckschalt.

Ob déi fréier Ministesch d'Offer vun der Regierung unhëlt, fir d'Coordinatioun vum Lëtzebuerger Pavillon zu Riad oder net, dat ass fir d'Paulette Lenert och nach net ofschléissend gekläert. Si wéilt sech do nach Zäit huelen, fir ze tranchéieren. An och d'Regierung misst mol hir Entscheedung formell huelen.

Paulette Lenert, LSAP-Deputéiert a fréier Gesondheetsministesch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO