Invité vun der Redaktioun (9. Mäerz) - Paulette Lenert"De Staat muss an de Krisemodus eriwwerschalten"

François Aulner
E Méindeg de Moie waren den Iran-Krich an en neien LSAP-Grondsazprogramm Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"De Staat muss an de Krisemodus eriwwerschalten"
E Méindeg de Moie waren den Iran-Krich an en neien LSAP-Grondsazprogramm Theemen an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Eng vun de ville Konsequenze vum Iran-Krich ass d’Hausse vun den Energiepräisser. De Staat misst an de Krisemodus eriwwerschalten, esou d’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert e Méindeg de Moien op RTL. Déi lescht Woch sinn den Diesel an Heizungsmasutt schonn ëm 20 Cent de Liter méi deier ginn. Dëse Méindeg ass de Pëtrolspräis nach emol geklommen an zwar op iwwer 100 US-Dollar de Barrel. Esou héich war en zanter der russescher Invasioun vun der Ukrain viru véier Joer net méi.

2022 war d’Paulette Lenert Vizepremierministesch an ewéi deemools rechent si haut net mat engem séieren Enn vun der Kris. De Staat misst dowéinst “an e Krisemodus eriwwerschalten”. An hiren Aen ass “sécherlech Spillraum do”, fir op d’Hausse vun den Energiepräisser ze reagéieren. U wat et feele géing, wier par contre eng laangfristeg Strategie: “Mir liewen op héijem Fouss, ewéi een et esou schéi seet”, sou d’Paulette Lenert. Et misst een allerdéngs iwwerleeën, ewéi een dat “stäipt”. Iwwerdeems d’Wirtschaft lues dréint, misst een anescht ëmverdeelen. A schwieregen Zäite bräicht ee Solidaritéit an “e Bewosstsinn, datt jidderee muss eppes bäidroen”.

D’Soldaritéit bei de Rapatriementer vu Leit aus dem Noen Osten huet d’Paulette Lenert begréisst. Et wiere keng Warnunge virum Ufank vun den US-israeeleschen Attacken erausgaangen. Si huet besonnesch d’Beamte gelueft, déi d’Operatioune méiglech gemaach hunn a maachen, déi net ewéi d’Ministeren an der éischter Rei wieren.

Méi ewéi alles mécht der LSAP-Deputéiert awer den Net-Respekt vum internationale Recht Suergen. Eng Weltuerdnung ouni internationaalt Recht wier fir e Land ewéi Lëtzebuerg “fatal”. D’Paulette Lenert war mat der Ausso averstan, datt d’UNO gescheitert oder geschwächt ass, mee da misst een doriwwer nodenken, ewéi ee se reforméiert a Lëtzebuerg misst an hiren Aen zu deene Länner gehéieren, déi dee “Chantier” wëllen ugoen.

“Solidaitéit” am neien LSAP-Grondsazprogramm

Bei der LSAP steet och e Chantier un: e Samschdeg stëmmt d’Partei iwwert en neie Grondsazprogramm of, deen den ale vun 2002 soll ersetzen. 200 Amendementer wieren erakomm, dorënner 13 vum Paulette Lenert selwer. “Dat si keng Divergenzen”, esou d’Politikerin aus dem Ost-Bezierk. Et wier e participativen Exercice mat Usätz, fir d’Prinzippie méi kloer ze maachen. De Begrëff “Solidaritéit”, deen am Interview ewéi e roude Fuedem war, wier fir si an alle Beräicher wichteg, sief et a Punkto Migratioun, Logement, Bildung oder Konsumenteschutz.

Och d’Ierfschaftssteier géing dorënner falen: dës steet am Géigesaz zum ale Grondsazprogramm explizitt am Entworf fir den neie Programm dran – mat de Begrëffer “progressiv” an “international”. Wann een e Land wéilt, an deem jidderee kéint u Bord sinn, da kéint net jidderee just no sech kucken.

Och wann am Grondsazprogramm näischt explizitt iwwert d’Rolle vun de Gemenge a puncto Logement steet, misst d’Solidaritéit och fir d’Gemengen “iwwergeuerdent” ginn. Eng grouss Gemeng ewéi d’Stad Lëtzebuerg, zweet gréisste Besëtzer vu Bauland am ganze Land mat 40 Prozent vun den Aarbechtsplazen, mee just 20 Prozent vun den Awunner “muss natierlech an engem anere Mooss do liwweren ewéi aner Gemengen”, esou d’Paulette Lenert. Si huet sech e Méindeg de Moien och nach emol fir d’kooperatiivt Wunne staark gemaach als drëtte Marché am Logement.

D’Paulette Lenert ënnerstëtzt dann “natierlech” d’Kandidature vum LSAP-Deputéierte Georges Engel a vun der Stater Gemengeconseillère Maxime Miltgen, fir d’Co-Présidence vun der Partei z’iwwerhuelen. De Grond, firwat si net ausgestreckt huet, wier, fir ebe grad anere Leit Visibilitéit ze ginn.

E Méindeg de Moie waren den Iran-Krich an en neien LSAP-Grondsazprogramm Theemen an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO