SantéPaulette Lenert erwaart Corona-Vaccin am 1. Trimester vum nächste Joer

Maxime Gillen
Lëtzebuerg bedeelegt sech jo beim Akafe vum Impfstoff géint de Coronavirus bei de Sammelbestellunge vun der Europäescher Kommissioun.

Et wier wichteg sech an deem Punkt zesummenzedoen, domat wier een e vill méi groussen a wichtegen Acteur fir d'Pharmaentreprisen, wéi wann all Land eleng mat deene géif negociéieren.

Vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert goufen et en Donneschdeg an der Äntwert op eng urgent parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Martine Hansen a Claude Wiseler nach weider Prezisiounen iwwert ee Vaccin géint Covid-19. D'Regierung erwaart sech, Stand en Donneschdeg, datt déi éischt Dosissen an den éischten dräi Méint vum nächste Joer op Lëtzebuerg geliwwert ginn.

Ier awer esou en neie Vaccin um europäesche Marché zougelooss gëtt, géif dësen dann och getest an objektiv evaluéiert ginn, esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Ma dee Prozess misst een ofwaarden, fir kënnen ze garantéieren, dass dës immens séier entwéckelt Impfstoffer och wierklech fiabel sinn.

Extrait Paulette Lenert

„Dat ass grad wichteg och fir eis, dass mir eis kënnen dorobber verloossen, dass dat gemeinsam gekuckt gëtt, dass do wierklech déi néideg Etüde gemaach ginn, dass d'Fiabilitéit ginn ass. Ech menge, wann déi Vaccinen bis wierklech an de Verdreif ginn an Europa, da kann een dovun ausgoen, dass dat och richteg iwwerpréift ass an deementspriechend och deenen néidege Critèren entsprécht vun der Sécherheet fir d'Leit, déi gefrot sinn. Dat ass eng kriddeleg Situatioun an et ass ganz wichteg, dass d'Leit och do kënne Vertrauen hunn, dofir soll een ofwaarden, bis déi Prozeduren hire Laf geholl hunn, bis alles wierklech prett ass, fir déi Vaccinen dann och un de Mann an un d'Fra ze bréngen.“

Wéi déi genau Strategie wäert ausgesinn, fir d'Leit am Grand-Duché ze impfen, wann de Vaccin bis do ass, konnt d'Ministesch iwwerdeems nach net soen. Dat géif nämlech dovun ofhänken, wéi eng Impfstoffer genau wäerten disponibel sinn. Ëmmerhi géifen déi net alleguer d'selwecht benotzt ginn. En Aarbechtsgrupp am Ministère géif sech awer schonn zanter enger Rei Woche mat deem Thema beschäftegen, esou dass eng Impfstrategie kéint stoen, esoubal e Vaccin disponibel ass.

Et wier ze fréi, fir schonn en Ausbléck op d'Enn vum Joer ze ginn, esou d'Ministesch am RTL-Interview. D'Zil wier et elo genau ze kucken, wéi déi aktuell Mesurë gräifen.

Zil ass et, dass bis zu 70% vun der Populatioun sech um Enn impfe léisst, fir dass de Virus sech quasi net méi ka verbreeden.

D'Situatioun wier nach ëmmer immens ugespaant, et wier een ëmmerhin am Epizentrum vun der Pandemie an Europa. Dowéinst sollt een dann och keng falsch Hoffnungen hunn. Och wa ganz séier e Vaccin kéim, géif deen d'Chrëschtdeeg net retten, esou d'Paulette Lenert. Et sollt ee sech deemno dorobber astellen, d'Feierdeeg dëst Joer anescht ze verbréngen, wéi soss déi Joren.

Back to Top
CIM LOGO