CGDISPassant zu Esch gestouss, Auto rennt tëscht Bruch a Sëll géint Géigestand

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg an an der Nuecht op e Samschdeg gouf et fir d'Rettungsekippe vum CGDIS zwee Asätz.
© Laurent Weber

Géint 17:20 war an der Lëtzebuerger Strooss zu Esch eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn, am Asaz waren d'Escher Secouristen.

An der Nuecht op e Samschdeg, méi prezis um 2:45 Auer, gouf et dann en Accident op der N8 tëschent Sëll a Bruch. Hei war en Auto géint e Géigestand gerannt, wouduerch eng Persoun verwonnt gouf. Ëm wat fir ee Géigestand et sech gehandelt huet, gëtt am Bulletin vum CGDIS net preziséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsekippen aus den Asazzentre vu Béiwen a Miersch, wéi och de SAMU vun Ettelbréck.

An der Haaptstrooss zu Viichten hat dann e Motocyclist eng Chute a gouf verwonnt. De SAMU vun Ettelbréck an d'Secouristen aus der Nordstad a Viichten hu sech ëm e gekëmmert.

A fir d'Stater Rettungsleit gouf et dann nach en Asaz um 9:34 Auer um Boulevard de la Foire: Hei gouf eng Persoun verwonnt wéi en Auto an e Motorrad aneneegerannt sinn.

Back to Top
CIM LOGO