ZeienopruffPassant gouf vun 3 jonke Männer iwwerfall a gouf liicht verwonnt

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg géint 15.45 Auer koum et zu Wolz an der Avenue de la Gare zu engem Iwwerfall op e Passant.

Hien ass vun 3 jonke Männer attackéiert ginn a krut säi Rucksak geklaut. Zwar gouf no den Täter gesicht, ma et huet ee se net fonnt. Eng Enquête gouf lancéiert.

Ee vun de Männer hat ee schwaarzen Jogging un, déi aner zwee ee groen Jogging.

All Informatioune si fir d'Police ënnert der Nummer (+352)244891000 oder per Email: police.ardennes@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO