No Ausernanersetzung tëscht zwou LycéesschülerinnenParquet: Plaz-Probleem an der Jugendpsychiatrie

RTL Lëtzebuerg
No der Ausernanersetzung tëscht zwou Lycéesschülerinnen e Mëttwoch huet de Parquet sech zur Situatioun vun der Versuergung vun de Jonke mat Schwieregkeete positionéiert.
D'Gebailechkeete vum Lycée Michel Lucius um Lampertsbierg.
D’Gebailechkeete vum Lycée Michel Lucius um Lampertsbierg.
© Domingos Oliveira

Wéi et an engem Schreiwes heescht, géing et sech beim Tëschefall vun e Mëttwoch net ëm e banale Fait divers handelen, mee dëse géif sech an e méi breede Kontext vu Problematiken aglidderen, déi a Relatioun mam Encadrement vu Mineure mat Schwieregkeete stinn; virun allem wat dësen hier Prise en charge an vun de jugend-psychiatresche Servicer géing ugoen.

Onglécklecherweis, sou de Parquet, hätte verschidde Mesuren, déi schonn decidéiert waren, net mat Zäit kéinten ëmgesat ginn. Dat, well et an de passende Strukturen u Plaze géing feelen.

D’mental Gesondheet géing eng entscheedend Roll bei der Entwécklung vun de Mineure spillen, mee déi aktuell Strukturen kéinten net ëmmer eng adäquat Prise en charge vun dëse Situatioune garantéieren. Dëst wier keen neie Probleem, mee ee mat enger laanger Virgeschicht, deen no nohaltege Léisunge géing ruffen.

Am Bezuch op den Tëschefall vun e Mëttwoch seet de Parquet, dass déi aktuell strukturell Limitatiounen zu dëser Eskalatioun mat kéinte bäigedroen hunn, déi sech schliisslech an enger Attack mat enger Waff manifestéiert hätt. Déi juristesch Autoritéite géifen den Tëschefall weider analyséieren, fir en am Bezuch op d’preventiv Mesuren, déi zwar decidéiert gi wieren, awer wéinst engem Mangel u Plazen an enger spezialiséierter Institutioun net hätte kéinten ëmgesat ginn, ze evaluéieren.

D’Sécherheet vun de betraffene Persounen an de Schutz vu Mineuren géifen déi héchst Prioritéit bleiwen.

D'Schreiwes vum Parquet
D’Schreiwes vum Parquet

Back to Top
CIM LOGO