Eng Persoun a Spidol ageliwwertKläpperei tëscht zwou Schülerinnen an der Kantin vum Lycée Michel Lucius

RTL Lëtzebuerg
De Parquet an d'Police confirméieren eng Ausernanersetzung am Lycée um Lampertsbierg.
D'Gebailechkeete vum Lycée Michel Lucius um Lampertsbierg.
D’Gebailechkeete vum Lycée Michel Lucius um Lampertsbierg.
© Domingos Oliveira

E Mëttwoch de Mëtteg koum et an enger Schoulkantin am Lycée Michel Lucius um Lampertsbierg zu enger Kläpperei. D’Police an de Parquet confirméieren eng Ausernanersetzung tëschent zwou mannerjärege Schülerinnen. Si solle sech géint 12.15 Auer an der gemeinsamer Kantin vum Lycée Michel Lucius an dem Lycée Technique du Centre an d’Hoer kritt hunn. Dem Educatiounsministère no hätt eng Schülerinnen missen an d’Spidol bruecht ginn. Weider Detailer feelen nach.

Back to Top
CIM LOGO