AppellsgeriichtParquet général freet no Mord u Liewenspartnerin méi streng Strof

RTL Lëtzebuerg
An éischter Instanz war de Mann nach zu 30 Joer Prisong, dovu 5 mat Sursis verurteelt ginn. De Parquet freet elo liewenslänglech.

Op der Cour d'appel an der Stad huet sech en Dënschdeg de Mëtten op en Neits gewisen, dass et net ëmmer eng gutt Iddi ass, fir géint en 1. Urteel an Appell ze goen. Wann et dem Vertrieder vum Parquet général no geet, soll e Mann, deen am Abrëll zu 30 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis, verurteelt gi war, well hie seng Liewenspartnerin ëmbruecht hat, an zweeter Instanz nämlech zu liewenslänglechem Prisong condamnéiert ginn.

De Mann hat déi deemools 45 Joer al Fra am Juni 2018 zu Schëffleng dout gemaach. An der Koppel war et ëmmer nees zu Konflikter komm an um Owend virun de Faiten zu engem Sträit, deen den anere Moie fréi eskaléiert war.

Mord vu Liewenspartnerin viru Geriicht / Eric Ewald

De Beschëllegte géif d'Intentioun, fir d'Fra dout ze maachen, kontestéieren, huet de Vertrieder vum Parquet général gëschter um Ufank vu sengem Requisitoire bemierkt. D'Fra wär awer, der Autopsie no, erwiergt ginn, wat een nëmme maache kéint, wann een d'Absicht hätt, fir een dout ze maachen. Deemno wär et richteg, dass den Doudschlag vun den 1. Riichter zréckbehale gouf. Well am Dossier nach aner Fäll vu Gewalt opdauche géifen, wann och vun no dësem Fait, misst ee sech d'Fro stellen, ob hei e Sursis ze sprieche wär: A sengen Ae wär déi eenzeg méiglech Strof allerdéngs liewenslänglech, sou de Vertrieder vum Parquet général.

Do virdrun hat d'Affekotin vum Ugekloten erkläert, dass hire Client Appel gemaach hätt wéinst der Qualifikatioun vun de Faiten a wéinst der Strof. Wat d'Qualifikatioun ugeet, wär et fir d'Me Gomes Matos ni d'Intentioun vum Mann gewiescht, fir dat ze maachen, wat geschitt ass. De Mandant hätt seng Fra roueg stellen a se net erwierge wëllen: Dofir sollte „Coups et blessures volontaires ayant entraîné la mort“ zréckbehale ginn. A puncto Strof wär déi 1. ze héich gewiescht, ënner anerem well de Mann kee Casier hätt, soudass d'Strof sollt erofgesat a méi Sursis gesprach ginn, vläicht mat Oploen.

Um Ufank vun der Sëtzung hat de Beschëllegte vun 42 Joer och betount, dass hien d'Fra net hätt wëllen erwiergen, mä se roueg stellen. Si wär no engem Sträit, Stonne virum Fait, ganz nervös gewiescht. Op eemol wär et him dronke ginn. Hie kéint sech un näischt méi erënneren, ausser dass hien, wéi hie waakreg gi wär, un hir gehaangen hätt. Hie wär sech hirem Zoustand du bewosst ginn an Hëllef siche gaangen, op e Schantjen nobäi, wou hien Aarbechter gesot hätt, dass hie seng Fra ëmbruecht hätt.

D'Appelsuerteel gëtt den 1. Dezember gesprach.

Back to Top
CIM LOGO