Onrou wéinst Stee vu 621 neie JuegdlousenParlamentaresch Fro: Goufe bis zu 20 Louse fir kommerziell Zwecker gesteet?

RTL Lëtzebuerg
A Juegdkreesser suergt de Moment d'ëffentlech Stee vu 621 neie Juegdlousen, déi virun engem knappe Mount ugefaangen huet, fir zolidd Onrou.
© RTL Archivbild

Dat, well et dono ausgesäit, wéi wann eng 15 bis 20 gesteet gi wären, fir järlech oder deeglech Juegdrechter ze verkafen. Den CSV-Deputéierte Serge Wilmes thematiséiert dat an enger parlamentarescher Fro un d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

Kommerziell Juegd / De Reportage vum Eric Ewald

„Mir sinn op d'Stee komm vun engem vun eisen zwee Lousen, an obwuel mer am meeschte gebueden hunn, goung d'Juegd un en Aneren“, sot eis e Méindeg am Nomëtteg e Betraffenen. An deem sengen Aen de Sënn misst hannerfrot ginn, firwat e puer Leit bis zu 20 Lousen an hirer Hand hunn, wann et net fir e kommerzielle But sollt sinn. Hie géif sech d'Fro stellen, ob et am Sënn vum Legislateur war, dass eng kleng Unzuel vu Jeeër eng grouss Unzuel vu Lousen huet, sou dee Mann: D'Gesetz misst an deem Sënn geännert ginn, dass dat net méi kéint virkommen. E klenge Jeeër misst och eng Juegd kënne kréien an et dierften net eleng d'Suen zielen.

De Jean-Claude Hosch, Jurist, selwer Jeeër an Auteur vun engem duebele Buch iwwert d'Juegd, huet e Méindeg am RTL-Interview eng Parallel gezunn zu engem anere Gebitt.

Extrait Jean-Claude Hosch

De Jean-Claude Hosch freet sech donieft, wéi een eng 6.000 Hektar geréiere wëll: Dat géif just goen, andeems een entweder Colocatairë bäihëlt oder awer verkeeft. Hien deelt dofir d'Angscht virun enger Kommerzialisatioun vun der Juegd, sou wéi et an der Belsch geschitt. „Wann dat d'Absicht sollt sinn, misst de Ministère dogéint virgoen“, fënnt de Jurist.

Back to Top
CIM LOGO