Aktuell hu mer zu Lëtzebuerg schonn déi 4. Hëtztwell vun dësem Summer. Déi héich Temperature sinn net nëmmen eng Belaaschtung fir d'Mënschen, mee och fir d'Beem. Vun der Natur- an Ëmweltverwaltung heescht et dann och, datt d'Bëscher an engem schlechten Zoustand sinn. Hoffnungslos wier d'Situatioun awer nach net.
Zum Gléck gouf d'Pressekonferenz am Leidelenger Bësch en Donneschdeg de Moien ofgehalen, am Nomëtteg wier et wéinst der viller Loft nämlech e bëssi geféierlech ginn. Schonn an engem gesonde Bësch kënnen héich Wandvitessen dofir suergen, datt Äscht eroffalen, an de Lëtzebuerger Bësch wier alles anescht wéi gesond. D'Beem géingen aktuell ënnert massivem Dréchestress leiden.
Datt deen och duerchaus fir de Mënsch geféierlech ka ginn, huet een Tëschefall déi lescht Woch gewisen, wou eng Persoun am Gemengebësch zu Bäerdref vun engem Aascht erschloe gouf. Dem Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung Michel Leytem no besteet do nämlech zimmlech sécher een Zesummenhank.
"Och wann do nach Ermëttlunge lafen, mee fir eis gesäit et ganz kloer dono aus, datt mer hei wierklech am Phänomen vum Dréchestress sinn. Datt do och een Aascht, dee gréng war, einfach vun engem Moment op deen aneren erofgefall ass. Dat kann ee vu baussen net gesinn. Dat ass ee Reschtrisiko, deen an der Natur ëmmer besteet an do ass et wierklech wichteg, datt mer d'Leit drop sensibiliséieren."
Wann een am Bësch ënnerwee ass, soll een dorobber oppassen, datt een net ze laang op enger Plaz stoe bleift. Et soll ee sech och just op den offiziell markéierte Weeër beweegen an net op gespaarte Weeër goen.
D'Martine Neuberg ass déi Responsabel vum Service Forêts vun der Natur- a Bëschverwaltung an erkläert, datt déi aktuell Situatioun net vun haut op muer entstanen ass.
"Mir hate vun 2018 bis 2020 immens dréche Situatiounen, dann hate mer 2022 dréche Situatiounen a mir hu lo rëm ganz dréche Situatiounen, plus nach déi ganz héich Temperaturen, wou ee muss soen, datt eis Beem evolutionär net un déi héich Temperaturen ugepasst sinn, sou datt mer lo d'Resultat gesinn. Dat ass bëssi wéi ee Patient, deen ëmmer rëm geschwächt ass, deen huet keng Chance méi, fir sech nach ze erhuelen dann."
D'Beem kriten och ëmmer manner Waasser aus dem Buedem gezunn, well et se ze vill Kraaft kaschte géing. Wann ee Bam ugeschloen ass, géing een dat zum Beispill dorunner erkennen, datt d'Blieder sech zesummerullen, fir esou d'Verdonstung ze reduzéieren. Zu engem spéideren Zäitpunkt géingen d'Beem dann ufänken, hir Krounen, also déi iewescht Blieder, erof ze schmäissen. Dat wier awer kee Grond, fir déi Beem ëm ze maachen, esou den Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung Michel Leytem.
"Déi hunn nach ee ganz ganz wichtegen Zweck. Och déi maachen nach Photosynthese, och déi produzéiere Sauerstoff an och déi spenden de Schied ënnendrënner, dee fir dat Bëschklima sou wichteg ass, deen och fir eis Mënsche sou wichteg ass, fir datt mer dat Bëschklima awer kënnen halen. An dofir musse mer déi Beem sou laang wéi méiglech halen a sou laang wéi méiglech do driwwer stoe loossen." Sou laang d'Beem ënnert der eigentlecher Kroun nach eng zweet, eng sougenannt sekundär Kroun hunn, wiere se nach net ganz ofgestuerwen a kéinte sech rëm erhuelen, wann et dat nächst Joer nees méi reent.
Wat d'Uplanze vun neie Beem ugeet, wier dat nach ëmmer méiglech, mee net méi onbedéngt ënnert deene selwechte Konditioune wéi fréier. Op enger fräier Fläch ouni Bësch driwwer géingen déi nei Beem zimmlech sécher futti goen. An och beim idealen Zäitpunkt hätt et Ännerunge ginn.
"Mëttlerweil si mer um Punkt, datt mer soen, fir am Fréijoer nach nei Beem, jonk Beem ze planzen, dat huet net méi ganz vill Wäert, well de Risiko, datt wann et am Summer ze dréche gëtt, de Risiko, datt déi Planze futti ginn, deen ass ze grouss. Dofir privilegiéiere mir lo ganz kloer eng Hierschtplanzung. Wann der awer och an esou Bëscher wéi deem heite planze wëllt an dir hutt nach deen zouene Krounendaach oder op d'mannst mol nach Beem driwwer, déi Schied maachen, dann ass d'Chance ganz gutt, datt der déi Beem ukritt."
Et géing een och ganz vill op Naturverjüngung setzen, dat heescht, datt aus deem Som, dee vun de Beem eroffält, nei Beem am Schied vun deene groussen entstinn.
Net all d'Beem sinn d'selwecht vum Dréchestress betraff. Sou ginn d'Eechen zum Beispill besser mat den aktuelle Konditiounen eens wéi d'Buchen. Dat well den Eechen hir Wuerzele méi déif an de Buedem reechen a se sou besser u Waasser kommen.