PoliceOpmierksam Bierger konnten Déifstall vu Portmonni beobachten a mellen

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt, dass et e Samschdeg den Owend zu engem Iwwerfall koum. Eng Persoun huet en eelere Foussgänger zu Bouneweg beklaut.
© AFP

Deen hat net direkt gemierkt, dass de Portmonni fort war, mä Aenzeien hunn hien dorop opmierksam gemaach an d'Police geruff. Den Täter konnt no kuerzer Zäit fonnt ginn.  Et huet sech och erausgestallt, dass den Déif keen Onbekannte war. De Fall gouf un de Parquet weidergeleet.

Back to Top
CIM LOGO