
Zu Bäerdref an der Heeschbéch sinn Onbekannter duerch eng Kichefënster an d'Haus erakomm. D'Raim goufen duerchwullt. D'Brigangen hunn ënner anerem Bijouen a Boergeld matgoe gelooss.
Zu Bartreng an der Rue des Champs gouf géint Hallefnuecht en Abroch an en Haus gemellt. Do hat den onbekannten Täter eng Terrassendier futti geschloen, fir an d'Stuff ze kommen.
A béide Fäll gouf d'Spueresécherung vun der Police alarméiert.