VitesskontrollenOp der N11 ware 55 Automobilisten ze séier ënnerwee, zu Dippech koum et bei der Kontroll zu engem Accident

Andy Brücker
Alles an allem huet awer just ee Fürerschäi mussen agezu ginn.
© Police Lëtzebuerg

En Donneschdeg huet d'Police op der N11 tëscht Wolper an Iechternach eng Vitesskontroll gemaach. 55 mol waren d'Automobilisten ze séier ënnerwee. A 35 Fäll ware se maximal 20 km/h ze séier. Erlaabt sinn 90 km/h op där Streck. 20 Automobiliste waren iwwerdeem iwwer 20 km/h ze séier. An engem Fall huet de Fürerschäin op der Plaz mussen agezu ginn.

Dobäi kommen nach eng Partie Protokoller, well d'Chaufferen zum Beispill de Fürerschäin oder d'Steiervignette net dobäi haten.

Um Freideg de Moien huet d'Police eng Vitesskontroll op der Route de Luxembourg zu Dippech gemaach. Hei koum et dunn zu engem Accident, nodeems d'Beamten en Automobilist ugehalen hunn, well en ze séier war. De Motocyclist hannendru war net dorobber gefaasst an ass dem Auto hannendrop gerannt, deen ofgebremst hat fir stoen ze bleiwen. De Motocyclist gouf verwonnt an huet mussen an d'Spidol bruecht ginn. Bei der Kontroll sollt sech erausstellen, dass de Motocyclist guer net de gefuerderte Fürerschäin hat, fir mat deem Motorrad ze fueren. Op Uerder vum Parquet gouf d'Motorrad séchergestallt.

Back to Top
CIM LOGO