
Am Ausland läit dësen Taux bei 7%. Dobäi ass et net komplizéiert, de Fournisseur ze wiesselen, et ka méi bëlleg sinn oder et kann ee méi gréng Alternative fannen. D'Fournisseure vergläiche kann een um Site Calculix.lu, e Service vum Institut Luxembourgeois de Régulation. Den Donneschdeg de Moie gouf eng nei Versioun presentéiert.
Deen neie Calculix kann elo och Offere mat ënnerschiddleche Präisser zu verschiddenen Dageszäiten oder Wochendeeg vergläichen. D'Zukunft vun der Energie, well esou Produite ginn et den Ament nach net um Marché. Theoretesch gëtt et awer d'Méiglechkeet, ee méi personaliséierte Profil vum eegene Stroumverbrauch opzestellen. Da kéint een zum Beispill owes oder weekends e spezielle Präis kréien oder och eng Adaptatioun fir Notzer vun engem Elektroauto.
Dës nei Optioun kéint och bei den erneierbaren Energien eng Roll spillen, well dës jo dacks wieder-bedéngt sinn. Et kéint een also d'Präisser upassen, deemno op méi oder manner Energie duerch Sonn a Wand kann hiergestallt ginn.
De Verbraucher kéint dann doduerch besser a méi ugepasste Präisser kréien. Och wie geziilt no grénger Energie sicht, kann dat um Vergläichsportal Calculix filteren. Fir d'Offeren ze kréien, brauch een nëmmen d'Postleitzuel an de Verbrauch anzeginn.
Mat Calculix Business, en neie Service vum Portal, geet dat elo och fir Kleng- a Mëttelbetriber. Hei sollt ee par Konter noverhandelen an d'Offer spezifesch op de Betrib upassen, esou d'Experte vum ILR.
De Fournisseur ze wiesselen – egal ob fir Betriber oder Privatpersounen – wier onkomplizéiert an de Stroumverbrauch zu all Ament garantéiert, erkläert de Luc Tapella, Direkter vum ILR. Et ass just d'Rechnung, déi ännert an net de Reseau, dee genotzt gëtt. Ausserdeem wier de Wiessel gratis.
Iwwer d'Joer 2019 hu ronn 7.000 eenzel Persounen de Vergläichsportal Calculix genotzt. Dobäi kéim et net drop un, ob een no der Recherche effektiv de Fournisseur wiesselt oder net. Vill méi wichteg wier, esou den ILR, dass d'Leit vergläichen a sech bewosst maachen, wat si notzen.