
„Et ka keng komplett Onofhängegkeet vum Parquet par rapport zum Justizministère ginn!“: De Léon Gloden sot dat en Donneschdeg den Owend no enger Reunioun vun der Institutiounekommissioun vun der Chamber. Déi hat dem CSV-Deputéierte seng Propositioun de loi zum Volet Justiz vun der Verfassungsreform do virdru bei enger Enthalung ugeholl.
Hie wär ganz zefridden a géif dës Gesetzespropos d'nächst Woch am Numm vun der Kommissioun deposéieren.
D'Onofhängegkeet vun der Justiz wär duerch dësen Text an der Verfassung verankert, wat bis elo net de Fall gewiescht wär, an et géif e Conseil national de la Justice geschafe ginn, huet sech de Léon Gloden gefreet. Iwwert d'Kritik, dës Woch, vum Groupement des Magistrats dorun, dass am Text e Saz iwwert d'Onofhängegkeet vum Parquet gestrach gouf, wär hien erstaunt, virun allem wéinst dem Zäitpunkt, wéini dee Bréif koum, sou den CSV-Deputéierten, deen dat net weider kommentéiere wéilt, an awer:
„Ech wëll just drop hiweisen, dass 2012 deselwechte Groupement des Magistrats, deemools ënnerschriwwe vun hirem President Alain Thorn, geschriwwen huet, dass si am Fong wëllen, dass d'Magistrate vum Parquet net zu hinne gezielt ginn, well eben de Parquet eng aner Missioun huet wéi si.“
Hie wär d'Accord mat der Positioun vum Groupement des Magistrats vun 2012. Et kéint een net dat Eent an dat Anert hunn. Sollte sech duerch Avisen, déi elo kommen, zum Beispill dee vum Staatsrot, Problemer stellen, da misst een dat kucken an objektiv driwwer diskutéieren, huet de Léon Gloden gemengt.
De Marc Baum huet erkläert, hien hätt sech enthalen, well déi Lénk eng eegen Textpropos virgeluecht hunn. Mat deem vum Léon Gloden kéint hien u sech averstane sinn, mat Ausnam vum Volet Verfassungsgeriicht, deen an den Ae vum Marc Baum ënnerentwéckelt wär. Och den Deputéierte vun déi Lénk huet sech verwonnert gewisen iwwert de Bréif vum Groupement des Magistrats an den Zäitpunkt. Deen heiten Text géif de Riichter vläicht net gefalen, mä si hätten 2012 méi eng nuancéiert Positioun gehat:
„Dat, wat ganz, ganz kloer an dësem Text ass, an och richteg ass, dat ass, dass d'Geriichter eng komplett Onofhängegkeet hunn, an dass natierlech och de Parquet a senger Appreciatioun vun der Opportunitéit vun de Poursuitten a vun de Poursuitte selwer komplett onofhängeg ass, mä dass een awer net gläichzesetzen ass mat de Geriichter en tant que tel!“De Léon Gloden géif elo säin Text deposéieren, da kommen Avisen, ier den Text zréckkënnt an d'Kommissioun. Do sollt den eegenen Text da parallel diskutéiert ginn, betount de Marc Baum, a sollten zum Volet Verfassungsgeriicht Decisioune geholl ginn.
„D'Kommissioun huet bei enger Enthalung gréng Luucht gi fir den Depot vun der Textpropos vum Léon Gloden, wat de Volet Justiz vun der Verfassungsreform ugeet!“: Dat sot de Kommissiounspresident Mars Di Bartolomeo en Donneschdeg am fréien Owend am RTL-Interview. Domat wär e Kompromëss tëscht de Majoritéitsparteien an der CSV confirméiert ginn an den 1. Deel vun der Verfassungsrevisioun ofgeschloss, sou den LSAP-Deputéierten. Weider Kapitele wären an der Maach a kéinte séier an d'Kommissioun kommen, soudass d'Reform vun der Verfassung viru kéim.
Trotz der Kritik, dës Woch, vum Groupement des magistrats wär d'Onofhängegkeet vun de Riichter nach ëmmer bewisen a kee géif déi vum Parquet a Fro stellen, och wann et do Nuancë gëtt, seet de Mars Di Bartolomeo.
„Wär näischt geschitt, wär et beim ale Verfassungstext bliwwen, an deem näischt iwwert d'Onofhängegkeet steet!“, huet den LSAP-Politiker betount, deen elo Diskussioune wëll eng Chance ginn: „Dat mécht een awer am beschten net "par lettre interposée", mä an där normaler Prozedur vun eisen Texter, an ech mengen, dass een och am Endeffekt eng Verfassung net an engem État d'âme vun engem Moment soll maachen. Dat gëllt fir all déi implizéiert Parteien. Ech wëll och déi verschidden Avisen ofwaarden. Seltenst geet en Text aus der Chamber sou eraus, wéi en eragaangen ass!“
Et wären nach ëmmer Dieren op, fir ze diskutéieren, et sollt een dem Avis vum Staatsrot net virgräifen an et kéinten nach Nuancen optauchen, déi ee sou elo net gesäit, huet de fréiere Chamberpresident nach gemengt.
Magistrate fuerderen - Onofhängegkeet vu Justiz muss an der Verfassungsreform garantéiert bleiwen