Op engem Online-Congress gouf iwwert aktuell Ëmstänn a Schwieregkeeten geschwat an et huet een de Bilan vum Joer 2020 gezunn. De Klimaschutz ass déi lescht Jore besonnesch duerch Protestaktiounen wéi Fridays for Future méi eescht geholl ginn. Ma duerch d’Corona-Pandemie schéngt et, wéi wann de Klimaschutz heiansdo géif vergiess ginn. An dat obwuel de Klimawandel ëmmer méi present gëtt.
Carole Dieschbourg (Ëmweltministesch):
“Mir sti virun groussen Erausfuerderungen an och mat enger Covid-Pandemie ass et eben net esou, dass mir dierfen d’Kris vun der Biodiversitéit oder Klimakris vergiessen. Et ass ganz kloer: déi sinn allen zwou do a mir wäerten se net mat engem Impfstoff ewech kréien.”
Och de President vun Natur&Ëmwelt gesäit éischter schwaarz fir d’ Zukunft. De Covid-Virus wier nëmmen e Beweis dofir, dass d’ Mënsche sech ze vill an d’Natur amëschen.
Roby Biwer (President Natur&Ëmwelt):
“D’Mauer kënnt ëmmer méi no a mir renne weider a mir trieden net op d’ Brems. Et gëtt awer héich Zäit, dass mir an verschidde Beräicher op d’Brems trieden. A villäicht ass et gutt gewiescht, dass de Sars-cov-2, deen eis d’Corona-Pandemie bruecht huet, villäicht e Klick bei ville Leit fäerdeg bréngt fir ze soen: Ok, mir kënnen net esou virun fueren, wéi mir dat elo gemaach hunn.”
Duerch d’Pandemie misst Natur&Ëmwelt eng Partie Projete fir de Public annuléieren. D’Memberen hätten awer net opgehal mat schaffen. Se setze sech nämlech net nëmme mat Opklärungsaarbecht fir d’Ëmwelt.
Carole Dieschbourg (Ëmweltministesch):
“Et ass eng Fondatioun, déi ganz vill konkreten Naturschutz um Terrain mécht, wou mat Schof beweet gëtt, wou Bongerten-Programme sinn, wou Orchideeën-Wisen gefleegt ginn. An ech mengen, dat sinn eben wichteg Programmer Naturschutz no fir ze dreiwen. Do si si wierklech e ganz staarken Acteur a ville Beräicher. “
D’Natur&Ëmwelt Fondatioun keeft all Joers Terrainen, fir d’Natur an d’Biodiversitéit ze schützen. 2020 goufen 118 Ha Land kaf. Insgesamt stinn esou 1.560 Ha ënnert Naturschutz. Dovunner zielen 650 ha zu de Fiichtgebidder an 715 ha zum Bësch. Och gehéiere ronn 220 Weieren der Fondatioun. E Groussdeel vun den Terrainen ass mat Hëllef vu Spende finanzéiert ginn.