
Et wier déi 15. Editioun vun dësem traditionelle Rendez-vous um Dag vun der Aarbecht gewiescht, deen an enger Zesummenaarbecht tëscht dem OGBL, der Asti an der ASTM Joer fir Joer organiséiert gëtt.
Well awer op sou engem Dag eng 4.000 Leit op deem Fest passéieren, ass et net ze veräntweren, an dësen Zäiten un där Feier festzehalen.
2021 soll d'Fête du Travail et des Cultures awer nees organiséiert ginn, heescht et weider am Communiqué.