Kritik um EducatiounsministèreOGBL: #schouldoheem verschäerft d'Ongläichheeten

RTL Lëtzebuerg
Den Homeschooling, d'Schoul doheem, deen d'Schoul soll op d'mannst bis d’Ouschtervakanz ersetzen, verschäerft d'Ongläichheeten, sou den OGBL.

Obwuel den Educatiounsministère e System en Place gesat huet, fir d’Wëssen, d’Coursen un d’Elteren weiderzeleeden, géing dës Demarche hir Limitte weisen. Vu positivem Bilan kéint net Rieds goen. Den Educatiounsministère misst sech bewosst ginn, dass d'Eltere keng Enseignante sinn an de schoulesche Kader net ersetze kënnen. Et wier dowéinst wichteg, de Kanner net ze vill Matière ze ginn. Donieft géingen defavoriséiert Stéit net all d'Sprooche beherrschen oder hunn net dat digitaalt Wëssen, wat haut gefuerdert gëtt.

D’Gewerkschaft fuerdert den Educatiounsministère op, den Impakt vun de Mesuren op d’sozial Inegalitéiten, déi et scho gëtt, ze minimiséieren. Et soll ee sech haaptsächlech ëm d’Kanner aus defavoriséierte Milieuen këmmeren. Si riskéieren, déi grouss Verléierer vun der Kris ze sinn, sou den OGBL.

Back to Top
CIM LOGO