En Vue vum KlimawandelOGBL fuerdert Investitioune vum Staat beim Personal a Schutz vun de Beamten

RTL Lëtzebuerg
Ee staarken ëffentlechen Déngscht wier onverzichtbar an dierft "net futti gespuert ginn".

Dofir misst méi a Personal, Moyenen an an de Schutz vun de Salariéeë beim Staat en Vue vum Klimawandel investéiert ginn. Dat fuerdert den OGBL an engem Communiqué. D'Konsequenze vum Klimawandel wéi Bëschbränn oder Hëtztwelle géifen déi Leit, déi an dëse Krisesituatioune musse Verantwortung iwwerhuelen, virun ëmmer méi grouss Erausfuerderunge stellen.

PDF: D'Schreiwes vum OGBL

Fir datt déi selwecht Aarbecht och a méi schwierege Situatioune kéint gemaach ginn, bräicht et genuch Personal an een adequat Equipement. Dofir fuerdert den OGBL, datt den ëffentlechen Déngscht preventiv duerch méi Investitioune misst gestäerkt ginn.

Back to Top
CIM LOGO