StolbrancheOGBL an LCGB net zefridde mat Reunioun mat Direktioun vu Liberty Liège-Dudelange

RTL Lëtzebuerg
No der Reunioun mat der Generaldirektioun vu Liberty Liège-Dudelange waren d'Gewerkschaften net zefridden.

D'Gewerkschaften LCGB an OGBL hunn d'Generaldirektioun vu Liberty Steel Liège-Dudelange an d'Ministere fir Aarbecht a Wirtschaft gesinn, fir iwwert d'Zukunft vun den 250 Mataarbechter vum Stolwierk zu Diddeleng ze schwätzen. Dat nodeems bekannt gi war, datt ee vun de Creanciere vu Liberty Steel, Greensill, faillite ass.

D'Gewerkschaften hate sech Suergen ëm d'Aarbechtsplazen hei am Land gemaach. Et hätt ee vun de Ministeren eng Rei Garantië kritt, ënnert anerem soll eng Reunioun am Tripartite-Modell organiséiert ginn, dat schreiwen den OGBL an den LCGB an engem Communiqué.

No der Reunioun mat der Generaldirektioun vu Liberty Liège-Dudelange waren d'Gewerkschafte manner zefridden. Et wéilt een déi Responsabel vum Grupp begéinen, déi effektiv d'Decisiounen huelen.

PDF Schreiwes OGBL-LCGB

Back to Top
CIM LOGO