Negativ Suitte vu Pandemie op JugendOeuvre Grande-Duchesse Charlotte mécht Appel à projets

Claude Zeimetz
Associatiounen, Fondatiounen, Etablissements publics, Schoulen a Jugendhaiser kënne sech mat hire konkreten Iddien a Projete bis den 31. Mee mellen.
Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte mécht Appel à projets
Associatiounen, Fondatiounen, Etablissements publics, Schoulen a Jugendhaiser kënne sech mat hire konkreten Iddien a Projete bis den 31. Mee mellen.

D'Presidentin vum Comité jeunes, d'Simone Flammang

Ville Jonke geet et ee Joer nom Ufank vun der Pandemie schlecht. Homeschooling, d'Ewechbrieche vun de Fräizäitaktivitéiten an déi bedréckend Stëmmung allgemeng an de Medien hunn hir Spueren och bei de Kanner a Jugendlechen hannerlooss. Derbäi kommen Elteren a Professioneller, déi selwer mat der Situatioun dacks iwwerfuerdert sinn. Virun deem Hannergrond lancéiert d'Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte vun en Donneschdeg un en Appel à projets an Héicht vun zwou Milliounen Euro.

Associatiounen, Fondatiounen, Etablissements publics awer och Schoulen a Jugendhaiser kënne sech mat hire konkreten Iddien a Projete bis den 31. Mee mellen, fir se dann, wann se vum Jury ugeholl ginn, vun der Oeuvre finanzéieren ze loossen. Besonnesch Suerge maachen der Oeuvre ënnert anerem d'Feedbacken, déi ee vu Jugendpsychiateren a Psychologe kritt hätt. Do hätt ee reegelrechten Hilfeschrei héieren, sou d'Presidentin vum Comité jeunes vun der Oeuvre, d'Generalaffekotin Simone Flammang:

"Datt d'Listes d'attente immens laang sinn, datt wierklech Handlungsbedarf besteet, mä datt net iwwerall do gehollef ka ginn, wou Hëllef néideg wär. Dat Wuert, wat am meeschte gefall ass, dat ass Angscht. Dat heescht déi Jonk hunn den Ament Angscht. Si sinn angoisséiert. Et geet hinnen net gutt. Iessstéierungen huelen zou. Jonken, déi keng Problemer haten, fänken un Problemer z'entwéckelen a vue datt d'Servicer all iwwerfuerdert an iwwerlaascht sinn, besteet do sécher ee groussen Handlungsbedarf".

D'Projete kënne bis Enn Mee eragereecht ginn a mussen natierlech e Lie mat der Pandemie hunn an drop ofzilen, de Kanner oder de Jonken ze hëllefen. Viséiert si Projeten am Beräich net nëmme vun der mentaler Gesondheet, ma och der formaler an der non-formaler Bildung. Et kann awer och e Projet sinn, dee sech un déi ganz kleng Kanner riicht, Kanner mat engem Handicap, net begleete Mineuren oder Affer vu Gewalt am Stot grad wéi Elteren oder Schoulpersonal an Erzéier. D'Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte ass och a Kontakt mat der Uni a seet sech bereet en eventuelle Suivi vun der sougenannter Covid-Kids-Etud ze finanzéieren.

Back to Top
CIM LOGO