
Dat soll an Zukunft och ouni, datt een e Rezept vun engem Dokter huet, méiglech sinn. Dat schreift d'CNS de Moien an engem Communiqué.
D'Gesondheetskeess hat an der Vergaangenheet op eng Prescriptioun insistéiert, de Staatsrot huet de Psychotherapeuten awer an engem Avis Recht ginn, datt dat net dem Prinzip vun hirer Beruffsfräiheet géing entspriechen. Am Schreiwes vum Donneschdegmoie schwätzt d'CNS vun engem innovative System, deen hirer Meenung no soll wärend 2 Joer getest ginn.