FDA fuerdertOch am Handwierk soll kënne sonndes geschafft ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Handwierkerfederatioun fuerdert, datt Betriber kompenséiert ginn, wann eng Persoun, déi si ausgebilt hunn, vum ëffentlechen Déngscht rekrutéiert gëtt.

Et ass donieft och d'Fuerderung, datt och am Handwierk sonndes ka geschafft ginn. Dat schreift d'Federation des artisans an engem Communiqué e Freideg de Moien.

Et wier fir d'Handwierksbetriber scho schwéier, genuch Leit ze fannen. Mataarbechter aus dem Ausland wiere wéinst der ugespaanter Lag um Wunnengsmaart net einfach unzezéien. An da géifen och nach wichteg Mataarbechter vum Staat an de Gemenge rekrutéiert ginn. Vill Betriber géingen och zécken, Leit auszebilden, well déi dann direkt no der Ausbildung an den ëffentlechen Déngscht géinge wiesselen. Dofir missten d'Betriber an esou Fäll eng Kompensatioun fir d'Ausbildung bezuelt kréien, fënnt d‘FDA.

Weider fuerdert d'Handwierkerfederatioun, datt sonndes soll kënne geschafft ginn, wa Mataarbechter a Patronen dat allen 2 wëllen. Déi finanziell Hëllefen an d'Kuerzaarbecht missten och sou laang weiderlafen, wéi d'Aarbecht duerch staatlech Oploen an der Coronakris ageschränkt gëtt.

Back to Top
CIM LOGO