Wéinst Salmonellen"Nudossi Nuss Nougat Creme" gëtt zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) matdeelt, muss eng Noss-Nougat-Crème vun der Mark "Nudossi" zeréckgeruff ginn.
© RTL Grafik

Et geet ëm “Nudossi Nuss Nougat Creme”, déi méiglecherweis Salmonellen enthale kéint. De Produit gouf op verschiddene Plazen uechter Lëtzebuerg verkaf, dat tëscht dem 19. August zejoert an dem 13. Abrëll. LU-Alert huet am Kontext och en Niveau de vigilance jaune erausginn an zu Virsiicht opgeruff. Weider Detailer fannt Dir um Site vun LU-Alert.

Back to Top
CIM LOGO