
Duerch dëst Gesetz, dat e Reglement Grand-Ducal ëmsetzt, huet d'Regierung Rechtssécherheet bei allen Decisiounen, déi an der Lutte géint de Coronavirus musse geholl ginn. D'Gesetz huet just zwee Artikelen.
An dës legislativ Prozedur ass der Drénglechkeet vun der Situatioun ugepasst:
Duerfir kënnt e Samschdeg exzeptionell d'Chamber am Nomëtteg um 14 Auer beieneen. Am spéide Freideg de Moien ass et eng Plenière vum Staatsrot, fir den Avis zum Gesetzprojet ofzeseenen an och d'Chamber-Institutiounekommissioun kënnt am e Freideg am Nomëtteg an deem Kader beieneen, wou och de Rapporter designéiert gëtt.
De Gesetzprojet huet nëmmen 2 Artikelen a bezitt sech komplett op de Reglement, deen e Mëttwoch den Owend am Mémorial publizéiert gouf.
Am Noutstandsgesetz si vrun allem d'Deplacementer viséiert, déi strikt limitéiert sinn, grad wéi d'ekonomesch Aktivitéiten, déi enorm erofgefuer ginn, mat ënner anerem de Chantieren, déi vun 17 Auer e Freideg den Owend u musse komplett zou sinn.
Wie sech als Privatpersoun net drun hält a seng Wunneng ouni valabele Grond verléisst, muss mat enger Amende vun 145 Euro rechnen. Fir Betriber, déi trotz Verbuet op hunn, gëllt eng Strof vu 4.000 Euro.
Wéi gesot tranchéieren d'Deputéiert e Samschdeg iwwert d'Noutstandsgesetz, dat mat enger 2/3-Majoritéit muss ugeholl ginn.
Nieft dësem éischte Punkt, stëmmen d'Deputéiert awer e Samschdeg nach iwwer 5 aner Gesetzprojeten of, wou et ënner anerem ëm Gesetzer fir d'Finanzplaz geet, respektiv kritt och den neien Spezial-Fong fir de Logement eng gesetzlech Basis, wou d'Semiray Ahmedova d'Rapportrice ass.
E Freideg ass iwwerdeem eng weider Kéier d'Regierung fir e Ministerrot beieneen.
