
Den Etat de Crise gëllt zanter e Mëttwoch den Owend. En Noutstandsgesetz muss awer duerch d'Chamber, fir datt dësen exzeptionellen Zoustand och déi nächst 3 Méint laang valabel ass.
Duerch dëst Gesetz, dat e Reglemend Grand-Ducal ass an e Mëttwoch den Owend am Mémorial publizéiert gouf, huet d'Regierung Rechtssécherheet bei allen Decisiounen, déi an der Lutte géint de Coronavirus musse geholl ginn.
Duerfir kënnt och exzeptionell d'Chamber dëse Samschdeg Nomëtteg um 14 Auer beieneen, e Freideg ewell ass et eng Plenière vum Staatsrot, fir en Avis zum Gesetzprojet ofzeseenen an och d'Chamber-Institutioune-Kommissioun kënnt e Freideg um 14 Auer an deem Kader beieneen, wou e Rapporter designéiert gëtt.
De Gesetzprojet huet nëmmen 2 Artikelen a bezitt sech komplett op de Reglement Grand-Ducal, deen Dir hei komplett kënnt noliesen:
D'legislativ Basis fir den Etat de Crise an d'entspriechend Gesetz ass den Art 32.4 vun der Constitutioun, deem et der Regierung erméiglecht, séier an urgent Decisiounen ze huelen, ouni iwwert den traditionelle legislative Wee ze fueren, also d'Chamber an de Staatsrot.
D'Chamber kann am Etat de Crise och net opgeléist ginn a kann zu all Ament den Urgencen-Zoustand revoquéieren - all Dispositiounen, déi vun der Regierung via d'Noutstandsgesetz geholl ginn, verfalen, soubal den Etat de Crise eriwwer ass.
Am Fall vun dësem Gesetz si virun allem d'Deplacementer viséiert, déi strikt limitéiert sinn, grad wéi d'ekonomesch Aktivitéiten, déi enorm erofgefuer ginn, mat ënnert anerem de Chantieren, déi vun e Freideg den Owend u mussen zou sinn.
Wie sech als Privatpersoun net drun hält a seng Wunneng ouni gudde Grond verléisst, muss mat enger Amende vun 145 Euro rechnen, fir Betriber, déi trotz Verbuet op hunn, gëllt eng Strof vu 4.000 Euro.
Wéi gesot tranchéieren d'Deputéiert dëse Samschdeg iwwert d'Noutstandsgesetz, dat mat enger 2/3-Majoritéit muss ugeholl ginn.
Nieft dësem éischte Punkt stëmmen d'Deputéiert awer um Samschdeg nach iwwer 5 aner Gesetzprojeten of, wou et ënnert anerem ëm Gesetzer fir d'Finanzplaz geet, respektiv kritt och den neie Spezial-Fong fir de Logement eng gesetzlech Basis, wou d'Semiray Ahmedova d'Rapportrice ass.