Prozess géint de Maître Gaston VogelNo Fräisproch géint Ugekloten: Parquet geet an Appell

RTL Lëtzebuerg
Dem Gaston Vogel war Opruff zum Haass an Diskriminatioun virgehäit ginn. RTL an de Journal haten dëse Bréif verëffentlecht a waren dofir mat ugeklot.

De Parquet huet an der Affär Gaston Vogel en Appell gemaach. Eréischt virun enger Woch war de Gaston Vogel vun de Riichter an éischter Instanz fräigesprach ginn. Genau dat selwecht gëllt fir CLT-Ufa, d’Mammenhaus vun RTL, an e fréiere Journalist vum Journal.

Dem Affekot war virgehäit ginn, sech an engem oppenen Bréif viru 6 Joer erofloossend iwwer rumänesch Heescherte geäussert ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO