
Enn Oktober hate mir d’Geschicht vun enger Koppel erzielt, déi deemools schonn zanter 18 Méint an hirem klengen Auto gelieft huet. Den Nico Maggipinto, en Awunner vun der concernéierter Gemeng, hat sech deemools bei RTL gemellt, fir op dës Situatioun opmierksam ze maachen an de Leit ze hëllefen.
Zanter November 2025 huet sech hir Situatioun liicht verbessert: D’Koppel konnt an der Wanteraktioun (WAK) um Findel ënnerkommen. Dës Struktur bitt all Joer am Wanter eng Noutléisung fir Leit ouni feste Wunnsëtz. Mee dës Etapp geet elo op en Enn. D’WAK mécht de 15. Abrëll hir Diere fir dës Saison zou, dat huet de Familljeminister Max Hahn och op Nofro confirméiert. Zanter e puer Joer leeft d’Wanteraktioun tëscht dem 15. November an dem 15. Abrëll.
Fir de Carlos (50) an d’Catherine (60) bedeit dat: Si brauchen nees eng nei Plaz fir ze liewen. A wéi et ausgesäit, féiert de Wee zréck an hir al Realitéit, an hire klengen Auto.
Wéi laang dat esou wäert sinn, ass onkloer.
Vun enger Assistante sociale hu si zwar verschidde Piste kritt, ënner anerem Campingen zu Beefort, an der Kockelscheier oder zu Esch. Konkretiséiert huet sech do awer nach näischt.
Wat bleift, ass de Wonsch no engem normale Liewen, erzielt d’Catherine wärend engem Telefonsgespréich. D’Moral ass den Ament, genee wéi d’Gesondheet, ugeschloen. Trotzdeem probéieren si, sech géigesäiteg ze stäipen, fir net komplett de Buedem ënnert de Féiss ze verléieren.