No enger Corona-bedéngter Ënnerbriechung vu bal 8 Méint ass den Dënschdeg de Moien um Stater Geriicht de Prozess ëm den Doud, am Januar 2017, vum deemools 25 Joer alen Ana Lopes virugaangen.
D'Ana Lopes war viru bal 4 Joer vu senger Mamm vermësst gemellt ginn. Nuets hat d'Duechter eng SMS geschéckt, dass si nach an e Fastfood-Restaurant géing goen an dono heemkomme géif. Dozou war et awer net komm.
Wéinst Problemer mam Beschëllegte ware Recherchë gemaach ginn. Kuerz drop hat d'franséisch Gendarmerie zu Roussy-le-Village hei vir a Frankräich dem Affer säin Auto mat senger bal ganz verbrannter Läich dra fonnt. De Beschëllegte weist all d'Reprochë vu sech.
En Dënschdeg sot e Kommissär vun der Police judiciaire, dass, wat d'Spueresécherung zu Bouneweg ugoung, déi presuméiert Plaz vun der Dot an direkter Noperschaft zum Haus vum Affer läit. Deem seng Schwëster hat eng Fastfood-Tut a Bluttspueren do fonnt. D'Analysen haten erginn, dass d'Blutt vum Affer war. An engem Schloff hätten do zwee Autoen hannertenee gestanen, dotëscht wären déi Spueren entdeckt ginn. Op der Plaz wär och e Kabelbinder fonnt ginn, mat ënnert anerem der DNA vum Ana drop. Dee selwechte wär bei enger Perquisitioun am Depot vun Autoen aus zweeter Hand vun der Famill vum Beschëllegten entdeckt ginn, wouriwwer den Ugeklote rose gewiescht wär. Op der Plaz, wou den Auto fonnt gouf, wär iwwerdeems e Stéck Kliefband entdeckt gi mat Blutt vum Ana drop, nieft ënnert anerem männlecher DNA vun der Famill vum Beschëllegten.
Den zoustännegen Enquêteur sengersäits huet un Hand vun der Geolokalisatioun gewisen, wou den Ugeklote wéini ënnerwee war. Ënnert anerem wär hie Stonne virum Fait dee selwechte Wee gefuer wéi dem Ana säin Auto um fir d'Fra fatalen Owend. Zu de ville Froe vun der Defense un d'Polizisten huet d'Presidentin vum Geriicht bemierkt: "Wann zwou SMSe vun der Mamm un de Beschëllegten an ëmgedréit aus de Stonnen no der Dot net geläscht gi wären, da wär villes vläicht méi kloer. An den Ugekloten hat och gesot, hie wär an Däitschland gewiescht an net a Frankräich, wat net gestëmmt huet."
Dëse Prozess geet e Mëttwoch de Mëtte virun.