CR103No Auswäichmanöver: Bam op Auto gefall tëscht Koplescht a Kielen

RTL Lëtzebuerg
An der Mëttesstonn koum et um CR103 zu engem méi uergen Accident. D'Strooss war wéinst dem Tëschefall an den Aarbechte blockéiert.
© Domingos Oliveira / RTL

RTL-Informatiounen no hätt den Automobilist engem Bam, deen zu deem Moment gefall wier, probéiert auszewäichen, ma de Bam huet d'Gefier awer nach getraff. Den Impakt vum Bam huet dunn dofir gesuergt, datt d'Fënstere vum Gefier implodéiert sinn.

De Chauffer gouf blesséiert, de Samu an d'Rettungsdéngschter waren op der Plaz. D'Strooss huet misste gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO