
D’Luxembourg Pride ass fir eng éischte Kéier zanter 16 Joer nees an der Stad Lëtzebuerg. Zënter 2010 gouf d’Pride ëmmer zu Esch organiséiert, elo da fir d’éischt nees an der Haaptstad, dat den 10. an 11 Juli 2026. An Zukunft gëtt dann all Joer tëschent der Haaptstad an Esch ofgewiesselt, wéi an engem Communiqué vu Rosa Lëtzebuerg erkläert gëtt.
D’Luxembourg Pride gouf 1999 an d’Liewe geruff, deemools nach ënnert dem Numm “GayMat”, fir op d’Rechter vun der LGBTQ+ Communautéit opmierksam ze maachen. Aus enger Initiativ wier haut ee fixe Rendez-vous ginn an d’Evenement wier och ëmmer méi grouss ginn, schreiwen d’Organisateuren. Dat hätt een och der Stad Esch ze verdanken, déi een zentrale Partner vun der Pride géing bleiwen.