"Pappen-Diskussioun" schléit héich WellenNeutral Geschlechter bei Fro vun Adoptioun a kënschtlecher Befruchtung?

Pierre Jans
Monica Camposeo
Dat soll mat engem vun 2 Amendementer geschéien, déi d'Ministesch Sam Tanson den Deputéierten an der Justizkommissioun e Mëttwoch presentéiert huet.
© RTL Archiv

Justizkommissioun - Reportage Monica Camposeo & Pierre Jans

Déi sougenannten ''Pappen-Diskussioun'' hat héich Wëlle geschloen. Elo sollen déi béid Geschlechter am Gesetzestext iwwer d'Recht vun engem Kand am Fall vun enger Adoptioun oder enger kënschtlecher Befruchtung seng Originne gewuer ze ginn, neutraliséiert ginn.

Dat soll mat engem vun zwee Amendementer geschéien, déi d'Ministesch Sam Tanson den Deputéierten an der Justizkommissioun e Mëttwoch de Moie presentéiert huet. D'Oppositiounsparteien CSV a virop d'ADR fannen déi Formulatioun absurd.

No der hëtzeger Diskussioun ronderëm d'Neutraliséierung vum ''Papp'' als ''Autre parent de naissance'' soll elo am Kader vun der anonymmer Gebuert och d'Mamm ersat ginn, duerch ''Le parent qui a accouché l'enfant''.

U sech hätt een déi zwee Geschlechter vu vir eran einfach als ''Elteren'' bezeechne kënnen, gëtt d'Ministesch zou: "Dat war eben net gemaach ginn, mee mir hunn dat elo gemaach. An ech hoffen, dass elo jidderee sech kann erëmfannen. Et geet wéi gesot net dorëms, weder deen een nach deen aneren, ofzeschafen. Mee et geet dorëms, dass andeems mer einfach vun "Parents" schwätzen, all Situatioun, déi sech an deem heite Cas de figure ka presentéieren, erëmginn. An esou gëtt einfach eng neutral Terminologie benotzt."

Fir eben och déi Mënsche mat anzebezéien, déi duerch d'Bestietnis fir jiddereen, oder duerch eng Geschlechtsëmwandlung net onbedéngt dem klassesche Familljebild entspriechen. De Roy Reding muss am RTL-Interview mat Amenter schmunzelen. Fir hien ass et kloer: eng Mamm ass ëmmer eng Fra, an e Papp ëmmer e Mann: "Nee, ech mengen eist Gesetz ass jo och net gemaach, fir jiddereen op der Welt. Eis Gesetzer si gemaach, fir déi normal Gesellschaft a wéi eis Gesellschaft soll funktionéieren. An et ass net, dass well et 0,001 Prozent vun de Fäll gëtt wou ee Papp ginn ass, well en e Mann war an sech duerno ëmwandele léisst, dass mer dofir déi ganz Terminologie vun eisem Code Civil sollen änneren. Dat ass meng fest Iwwerzeegung."

Fir den Gréngen-Deputéierte Charles Margue, President vun der Justizkommissioun, geet et awer dorëms, eng konsequent Sprooch am Sënn vum Mariage pour tous am Gesetzestext ëmzesetzen. Zu wiem d'Kanner Papp oder Mamm soen, wier da privat. Am Gesetz par conter wéilt een méiglechst all déi ënnerschiddlech Familljen abegräifen. Eng Iddi, déi, wéi den Roy Reding och, den CSV-Deputéierte Laurent Mosar net deelt: "Ech mengen ebe justement, dass et net nëmmen e Gesetz ass, mee dass et hei och ëm Traditioune geet, ëm perséinlech Befindlechkeeten. Ech kann Iech just soen, mir haten en Dënschdeg eng intern Reunioun, wou mer eis och mat deenen Amendementer do auserneegesat hunn an do ware ganz vill Fraen, déi och selwer Mamm sinn an déi hu sech awer och e bëssen un där Notioun gestéiert."

Den Dossier ass ganz sensibel, ma et wëll ee mat engem Gesetzestext net d'Gesellschaft splécken, betount nach de Laurent Mosar. De Ball läit elo beim Staatsrot, d'Deputéierte wëllen den Avis ofwaarden an da weider iwwert den Text diskutéieren.

Back to Top
CIM LOGO