Staatsbeamte-Chamber"Neit Covid-Gesetz ass net koherent a juristesch onsécher"

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Chamber suerge vill Onkloerheeten dofir, datt d'Besëtzer an d'Bedreiwer am Horeca-Secteur Schwieregkeeten a Problemer kéinte kréien.
© AFP

Dat ass an den Ae vun der Staatsbeamte-Chamber dat neit Covid-Gesetz, dat dëse Freideg vun der Chamber gestëmmt gëtt an da vun nächstem Sonndeg u gëllt an e weideren deelweisen Deconfinement mat sech bréngt.

An hirem Avis stéisst sech d'Chamber un de sëllegen Onkloerheeten, déi absënns fir d'Besëtzer vu Restauranten a Bistroe bestinn. Wie kann zum Beispill e retizente Client zwéngen, e Restaurant ze verloossen, wann hie kee Schnelltest wëll maachen. Wie dierf d'Presentatioun an d'Duerchféiere vun dësen Tester iwwerwaachen, wou genee muss deen Test gemaach ginn, bannen oder baussent dem Restaurant, wat ass, wann e Client d'Resultat vum Test kontestéiert a wien tranchéiert am Fall vun esou enger Kontestatioun.

Alles Froen, déi net duerch d'Gesetz gekläert sinn an d'Staatsbeamte-Chamber wëll gekläert gesinn.

Da wier et och net koherent, wat d'Maximal-Zuel vu Leit ugeet, déi dierfen an e Restaurant. Esou géif et dat neit Covid-Gesetz u sech méiglech maachen, datt zum Beispill Familljefeierlechkeete vu bis zu 150 Leit dierfen an engem Restaurant oder Bistro sinn, sous condition, datt all dës Leit en negative Schnelltest hunn.

D'Chambre gesäit de Risk, datt géint d'Egalité de Traitement verstouss gëtt, wann d'Reegelen op esou eng flou Manéier kéinten ausgeluecht ginn.

Datt Derogatioune fir d'Stagiairen an der Police-Schoul gëllen, fënnt d'Staatsbeamte-Chamber aberrant a fuerdert, datt verschidde staatlech Zerwisser prioritär solle geimpft ginn, fir sech net onnéidege Risken auszesetzen. An dëser Argumentatioun ass d'Chamber och géint dës Derogatiounen, sou wéi se am Gesetzestext virgesi sinn.

Back to Top
CIM LOGO