GesondheetNeien Observatoire fir d'Santé gouf an der Chamberkommissioun presentéiert

RTL Lëtzebuerg
Mam neien Observatoire soll d'Gesondheet vun den Awunner evaluéiert an d'Effikassitéit vum Gesondheetssystem garantéiert ginn.
© AFP

Donieft ass d'Zil vun engem neien Nationalen Observatoire fir d'Santé, deen en Dënschdeg de Moien a Presenz vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert an der Chamberkommissioun presentéiert gouf, d'Risiko-Behuelen erauszefannen. Den Observatoire soll och d'Carte sanitaire verfaassen an dem Santés-Minister Prioritéiten an der Volleksgesondheet proposéieren.

8 Experte sollen am neien Observatoire vertrueden sinn; ënnert anerem en Epidemiolog an en Expert an der sanitärer Demographie. Dës Leit ginn, dem Gesetzprojet no, fir 7 Joer genannt a schaffe komplett onofhängeg. Hir Charge ass et zum Beispill, all 3 Joer e Rapport iwwert d'Gesondheet vun den Awunner am Land erauszeginn.

Am Gesetzesprojet ginn et och Prezisiounen, wat d'Organ-Spenden uginn. Sou gëtt festgehalen, datt och am "Dossier de soins partagés" nogesicht gëtt, ob eppes iwwert den Don vun Organer vum Doudege virgesinn ass, respektiv och, datt bei der Famillje vum Verstuerwenen nogefrot gëtt, ob et e schrëftleche Refus gëtt, fir Organer ze spenden.

D'Rapportrice vum Gesetzprojet ass d'LSAP-Deputéiert Francine Closener.

Back to Top
CIM LOGO