De Gank vun der Endokrinologie an der Diabetologie vun der Kannerklinik am CHL kennt d’Joana Goncalves nëmmen alt ze gutt. Déi jonk Fra gouf als klengt Kand mat Diabetes Typ 1 diagnostizéiert, zanterdeem ass si Jorelaang all puer Méint zréck fir d’Kontroll komm.
Nodeems d’Joana volljäreg ginn ass, koum de Wiessel vum Pediater bei den Dokter fir Erwuessener – eng Transitioun, déi no esou ville Joren net ëmmer einfach fir déi Betraffen an hiren Entourage ass.
De Projet OBEDIA Kids gouf genau fir déi Situatiounen an d’Liewe geruff, fir den Iwwergang fir Patiente mat Diabetes oder Obesitéit ze vereinfachen. Dat ass awer nëmmen eng vun den Aufgabe vum Projet.
Och wann de Projet déi zwou Krankheeten encadréiert, wier et awer wichteg, zemools bei de Kanner, net direkt e Lien hierzestellen.
D’Joana a seng Schwëster goufen elo net mat 18 direkt virun d’Dier vun der Pediatrie gesat, si sinn, wéi si sech prett gespuert hunn, mat 19 Joer bei en Dokter fir Erwuessener gewiesselt.