Vun e Samschdeg unNeie Corona-Impfzenter an der Stad huet seng Dieren opgemaach

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung sëtzt weiderhin op d'Impfen. An deem Sënn huet e Samschdeg en neie Corona-Impfzenter an der Stater Groussgaass opgemaach.
Neie Corona-Impfzenter an der Stad
Vun e Samschdeg u mécht en neie Corona-Impfzenter zu Lëtzebuerg seng Dieren op - an der Stad an der Groussgaass op der Nummer 70.

Den neie Corona-Impfzenter ass wéi gesot an der Stad, an der Groussgaass op der Nummer 70, do wou elo och schonn en Zenter fir zertifiéiert Schnelltester ass. Den éischten Dag war e grousse Succès wei eis Dr. Noemi Zobor, Chef de Centre, erkläert huet. Am Laf vum Samschdeg konnte schonn eng 60 Leit geimpft ginn, huet et op RTL-Nofro matgedeelt geheescht.

Den Zenter ass all Dag vu méindes bis samschdes, vu 11 bis 18 Auer op an dat elo mol bis bis den 31. Dezember.

An Zukunft soll et jo dann och méiglech ginn, fir sech an den Apdikten impfen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO