Et gëtt Beruffer, do fënnt ee bei der ADEM keen Deckel fir op d’Dëppen. Déi Beruffer kommen dann op d’Lëscht vun de Métiers très en pénurie. Aktuell zielen dozou Beruffer an der Constructioun, mä och ëmmer méi an der Industrie - vum Ingenieur bis bei d’Maintenance. Doriwwer eraus géingen och ëmmer nees verschidde Finanzberuffer ouni Succès no neie Leit sichen.
Grond fir d’Lëscht ass, fir de Betriber ze hëllefen, déi keng passend Salariéë fannen. Ass de Beruff op der Lëscht, kréien déi Patrone eng vereinfacht Prozedur fir en Certificat de Main d’oeuvre étrangère, erkläert d’Gaby Wagner. “Da maache mir keng Analyse de marché méi, an de Patron kann direkt bannt fënnef Deeg d’Autorisatioun kréien, fir déi Persoun ze huelen, déi e wëllt astellen”, seet d’ Directrice adjointe vun der ADEM. Doriwwer eraus géing d’Lëscht der ADEM hëllefen, fir d’Offer u Formatiounen auszebauen.

Eng Plaz wou dann eigentlech permanent Leit gesicht ginn, ass an de Klinicken. Kandidaten aus Drëttlänner astellen ass a bleift an deem Milieu awer schwiereg. “Pour la partie médico-soignante, pour les professions réglementées, la difficulté que nous avons, c’est que le candidat doit faire reconnaître son diplôme”, erkläert d’Karine Rollot, Personalchefin vun Hôpitaux Robert Schuman. Schonn an der Europäescher Unioun wier et schwéier mat der Rekrutéierung. An Drëttlänner ëmsou méi. A Fro kéimen hei éischter Leit zum Beispill fir Posten an der Informatik, seet d’Karine Rollot.
An den Hôpitaux Robert Schuman huet een dofir zesumme mat der ADEM méi kreativ geduecht a Chargë goufen anescht verdeelt. Aktuell leeft nämlech an der ZithaKlinik de Pilotprojet mam Numm OxySoins, duerch deen d’Soignantë sollen, wéi den Numm et seet, nees Loft kréien. Si sollen nees méi Zäit fir d’Patiente kréien. “Eng Réi vun Tâchë logistescher Natur, Sekretariatsaarbechten oder weider Aarbechten an deem Sënn, sollen iwwerholl ginn”, betount de Christian Kirwel, Directeur des Soins an den Hôpitaux Robert Schuman. Dofir goufen 20 Kandidaten engagéiert, fir déi nei geschaaften Tâchen z’iwwerhuelen. 7 dovunner sinn iwwert d’ADEM komm.
Zanter dem 1. September schafft och d’Irene Da Costa Nogueira an der ZithaKlinik a schéngt do hiren Dramjob fonnt ze hunn. “Ech kommen aus der Kleederbranche. Dat heiten ass elo eppes ganz Neies, eng ganz nei Erausfuerderung. Eppes wat ech am Fong schonn ëmmer wollt maachen. Dat do war meng Chance, déi ech mat zwou Hänn gepackt hunn”, seet d’Irene Da Costa Nogueira.
Fir esou cibléiert Projete kënne mat de Patronen op d’Been ze stellen, ass et fir d’Adem wichteg, dass déi oppe Plaze gemellt ginn. Generell erwaart ee sech awer keng grouss Fluktuatioun bei de Beruffer op der Lëscht. “Wat een deene Jonke ka soen ass, dass am Secteur Santé a Sociale eng Penurie ass, déi enorm ass”, seet d’Gaby Wagner. Dat géing schonn zanter Jore gëllen, a wäert och nach fir d’Zukunft gëllen. Och am Beruff vum Ingenieur wäerte weider Leit gesicht ginn. Nei dobäi komm wier dann den Daachdecker. Wat awer nach geännert hätt wier, dass ee generell vill manner Offere fir d’Demandeurs d’emploi hätt. En Zesummenhang géing et do natierlech mam Marché ginn, dee manner dréint.