Arrêté vun der GesondheetsministeschNei Obligatioune fir d'Spideeler zanter e Méindeg

Roy Grotz
Bis Hallefnuecht si jo all Leit, déi am Santéssecteur schaffen, respektiv wäerte schaffen oder aktiv waren, gehalen, sech am Registre sanitaire ze mellen.

Dëst via gouvjobs.lu Et gëllt och zanter e Méindeg en Arrêté ministériel vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert, dee fir d'Spideeler gemënzt ass. Heiranner heescht et, datt d'Spidolspersonal prinzipiell nëmmen nach soll fir urgent an akut medezinesch Aktivitéiten agesat ginn oder där, déi net kënnen ofgesot ginn.

D'Covid-19-Patienten, déi keng grav Komplikatiounen hätten, missten Doheem gehale ginn, heescht et an dësem offiziellen Text.

Den Tri vun de Patienten, déi missten hospitaliséiert ginn, sollt a Concertatioun tëscht de Spideeler an der Direktioun vun der Santé geschéien: deemno sinn d'Spideeler gehalen, all Dag zum Beispill d'Zuel vun den Akut-Better, de Better fir normal Soinen, grad wéi d'Zuel vu reservéierte Plaze fir Covid-19-Patiente matzedeelen.

Dat selwecht gëllt fir Informatiounen iwwert d'Zuel vun de Patienten, déi soignéiert ginn, d'Zuel vun de Beootmungsapparater, d'Zuel vun de Stierffäll an och d'Chifferen iwwert d'medezinescht Material, dat disponibel ass.

Dës Informatioune mussen dagdeeglech, iwwerdeem och all Prestatairen, obligatoresch weidergi ginn, déi am Extra-Hospitalier aktiv sinn.

Den entspriechenden Arrêté vun der Ministesch Paulette Lenert gouf e Méindeg am Memorial publizéiert an ass domat och zanter e Méindeg en Vigueur.

Back to Top
CIM LOGO