OGBLNei Campagne, fir Commerce ze stäerken an Aarbechtsplazen ze sécheren

Carine Lemmer
"Eise Commerce – Eis Aarbechtsplazen – Eis Zukunft", sou heescht eng nei Campagne vum OGBL.

Et geet ëm d'Iwwerliewen. Ëm d'Iwwerliewe vum Commerce hei am Land, dat seet den OGBL, dee en Donneschdeg eng nei Campagne lancéiert huet.

OGBL-Campagne fir de Commerce / Reportage Carine Lemmer

Déi aktuell Situatioun huet d'Problemer am Handel, déi et scho gouf, nach verschäerft. 25.000 Aarbechtsplaze gëtt et am Secteur. Déi sollen ofgeséchert ginn. Nei Akafszentre ginn den Ament net gebraucht, mä Aktioune fir den aktuelle Commerce ze stäerken.

Ëmmer méi Butteker maachen zou, seet den David Angel vum OGBL. Zu Esch oder an der Avenue de la Gare an der Stad wier et besonnesch akut. Lëtzebuerg huet och ganz vill Commerce: 1,2 Millioune Meterkaree an iwwer 20 gréisser Akafszentren, dat ass pro Awunner Rekord an Europa.

Mam Covid-19 huet sech alles nach verschäerft, dofir wëll den OGBL aktiv ginn an déi 25.000 Aarbechtsplazen, déi et gëtt, ofsécheren.

6 Propose leet d'Gewerkschaft op den Dësch: e sektorielle Kollektivvertrag fir déi kleng Geschäfter, dat heescht Butteker mat manner wéi 50 Leit Personal, gëtt verlaangt a kloer gereegelt Aarbechtszäiten.

E Moratoire vun 3 Joer soll och komme fir nei Akafszentren.

"D’Fuerderung ass am Fong, datt 3 Joer laang keng Autorisatioune méi solle vergi ginn, fir sou Akafszentren ze bauen. Sou e Moratoire gouf et schonn zu Lëtzebuerg, Enn de 90er an Ugangs 2000er an huet dem Secteur u sech net geschuet. A Frankräich ass och e Moratoire ugekënnegt.

De Problem ass einfach, mir erstécken u Akafsflächen. Déi, déi do sinn, ginn ëmmer manner gutt. Et geet och bei de Surfacen net ëm Commerce, et geet ëm Immobilien, ëm Spekulatioun mat Immobilien."

Spekuléiert gëtt och gär beim Loyer. D'Loyere fir Butteker sollen déi nächst 3 Joer agefruer, also net gehéicht ginn, fuerdert den David Angel:

"3 Joer ass einfach well mer mengen, datt dat de Minimum ass, deen et brauch, fir datt de Secteur no dëser Kris nees op d’Bee kënnt. Mir gesinn, datt de Loyer ëmmer nees en ausschlaggebende Facteur ass, bei alle Fermeture quasi, och beim C&A virun e puer Deeg an der Avenue de la gare an der Stad. Matten an der sanitärer Kris ginn et souguer Proprietären, déi hir Loyeren eropsetzen.

Den onofhängege Gewerkschaftsbond proposéiert och en Akafsbong fir all Salarié, nom Modell vun den Iwwernuechtungsbongen.

En Zukunftsdësch Commerce ass eng weider Propose an Entrevuë mat de Ministeren Dan Kersch a Lex Delles a mat der CLC, der Lëtzebuerger Handelskonfederatioun, sinn oder ginn ugefrot.

© OGBL

Back to Top
CIM LOGO