Aus Payconiq gëtt WeroNei Bezuelapp kënnt den 1. September op Lëtzebuerg

Fanny Kinsch
Aus Payconiq gëtt den 1. September Wero: Déi nei europäesch Bezuelapp gëtt zu Lëtzebuerg agefouert a soll no an no méi Funktionalitéite bidden.
Nei Bezuelapp kënnt den 1. September op Lëtzebuerg
Aus Payconiq gëtt den 1. September Wero: Déi nei europäesch Bezuelapp gëtt zu Lëtzebuerg agefouert a soll no an no méi Funktionalitéite bidden.

Aus Digicash gouf Payconiq an elo gëtt aus Payconiq Wero… ugangs sollt den online Bezuelservice schonn am Juli zu Lëtzebuerg lancéiert ginn, deen Datum gouf awer no hanne geréckelt op den 1. September.

Wourunner läit dat a wat ännert wat sech mat der neier Applikatioun?

Aus Payconiq gëtt Wero

Alleguer d'Fonctionalitéite sollten nach ee mol getest ginn, esou de Ralf Hamal, zoustänneg fir Lëtzebuerg an d'Belsch bei der European Payments Initiative, déi de Bezuelsystem an elektronesche Portmonni Wero entwéckelt huet: "On voulait se garantir que vraiment tous les cas d'usage, que ce soit un paiement entre copains, un paiement en magasin, un paiement de la facture pour toutes les banques qui sont impliquées […] qu’en fait tout ça soit testé extensivement."

Vum 1. September u ginn d'Clientë vun de Banken déi matmaachen – Spuerkeess, Raiffeisen, Post, BGL BNP Paribas a BIL – opgefuerdert, d’Wero-Applikatioun erof ze lueden an hire Bankkonto domat ze connectéieren. An enger éischter Phase lafen dann déi zwee Systemer, Payconiq a Wero, nach parallel.

De Ralf Hamal erkläert weider: "Toutes les fonctionnalités existantes de Payconiq seront aussi reprises en Wero. Mais Wero, évidemment, c'est beaucoup plus riche en fonctionnalités. Et graduellement, on va ajouter aussi des fonctionnalités comme le paiement des abonnements, le paiement à la livraison ou le paiement à l’envoi d’une commande."

D'Sue gi wéi bei Payconiq direkt vun engem Konto op deen aneren iwwerwisen. Aktuell funktionéiert Wero schonn a Frankräich, der Belsch an Däitschland – nieft Lëtzebuerg kënnt nach dëst Joer Holland an d'nächst Joer Éisträich dobäi. Et wier een och mat anere Länner am Gespréich an et soll eng Interoperabilitéit mat änleche Bezuelsystemer an de südlechen an nërdlechen europäesche Länner ginn.

Lëtzebuerg wier schonn ëmmer innovativ bei de Paiementer gewiescht, esou d'Ananda Kautz vun der ABBL, an dofir strategesch interessant fir Wero:

Et au même temps, on est au milieu de l'Europe et donc on a aussi beaucoup de transactions transfrontalières par nature, puisqu'en fait il y a de millions de personnes en fait qui traversent nos frontières tous les jours. Et aussi nous, donc résidents, nous pouvons aussi consommer dans les pays à côté, payer en collègues de notre pays. Et donc l'objectif aussi de pouvoir avoir une solution qui fonctionne dans les pays voisins est très intéressante.

An Zukunft soll ee mat Wero an Europa all déi Saache maache kënnen, déi aktuell just vun internationalen Entreprise wéi Visa oder Apple ugebuede ginn.

Dat wier och am Sënn vun der Souveränitéit, esou de Ralf Hamal vun der European Payment Initiative: "Il n’y a rien à expliquer qu'actuellement avec la géopolitique qui joue aujourd'hui, que ça devient de plus en plus important d'avoir des solutions européennes, et pas uniquement au niveau des paiements, on voit ça dans la défense, on voit ça dans l’économie en plus large, d'avoir vraiment des alternatives européennes."

Och d'Ananda Kautz vun der Bankenassociatioun ABBL ënnersträicht, d'Infrastruktur fir ze bezuele wier ganz wichteg fir d'Resilienz, well déi ganz Wirtschaft dovunner ofhänkt:

Donc forcément avoir une solution européenne pour l'usage quotidien fait beaucoup de sens. On a déjà une infrastructure européenne qui est très solide avec les paiements instantanés, typiquement. Et donc ici d'avoir une solution, un moyen de paiement qui est complètement européenne, avec une gouvernance européenne, avec des décisions locales, c'est quand même très intéressant.

Déi nei Bezuelapp an elektronesche Portmonni Wero géing d'Kaarten an aner Bezuelsystemer awer net ersetzen, mee wier komplementär dozou.

Back to Top
CIM LOGO