Dat sot de Xavier Bettel an der Chamber virum Vott iwwert dat neit Covidgesetz. Trotz Impfcampagne wier een nämlech „nach net doduerch“, sou de Premier.
Fir den Ament ginn d‘Coronarestriktioune mol esou ewéi se zanter Enn Januar a Kraaft sinn vum 3. bis de 25. Abrëll verlängert.
Eenzeg Neierung ass d’Ouverture vun den Terrassen ënner strenge Konditioune vum 7. Abrëll un. D’Chamber huet dat 11. Covidgesetz mat de Stëmme vun de Regierungsparteie guttgeheescht. Bei engem „vote séparé“ hunn awer all d’Parteien ausser déi Lénk fir d’Ouverture vun den Terrassen gestëmmt.
De Rapporter vum Gesetz, den LSAP-Deputéierten Mars Di Bartolomeo, huet vun enger „zaghafter“, mee och „virsiichteger“ Ouverture geschwat, déi dem Kampf géint de Covid een "neien Elan" soll ginn.
D’Oppositioun huet hir Kritik un de Restriktioune widderholl.
Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler huet erkläert, d’Regierung hätt hir Mesuren am Januar presentéiert fir d’Covid-Zuelen erofzedrécken, mee de Géigendeel wier zanter 3 Méint geschitt. De Claude Wiseler huet och d’Fuerderung vun der CSV widderholl fir e kloer Stufeplang oder eng Zilsetzung.
Den Deputéierten huet och de Premier Xavier Bettel zitéiert, deen den iresche Stufemodell an der Chamberkommissioun soll als „Bullshit“ (engleschen Ausdrock fir „Blödsinn“, nvdr) bezeechent hunn. De Claude Wiseler sot, d’Covidzuelen an Irland si besser ewéi hei am Land a gefrot mat wéi engem Wuert een dann déi Lëtzebuerger Strategie soll bezeechen.