OpgepasstNees eng falsch SMS vun Onéierlechen ënnerwee
Am Ament geet erëm eng SMS ronderëm, déi ausgesi soll, wéi wa se vun den eegene Kanner kënnt, déi ëm Hëllef froen.
Verëffentlecht: 06.11.23 12:42, Update: 09.12.25 18:22
Wann een esou eng SMS kritt, soll een op kee Fall op de Link klicken oder op d'Nummer, den +352 691 729 152, uruffen. Onéierlecher probéieren iwwert dëse Wee u perséinlech Daten ze kommen.