Jiddereen tëscht 55 a 75 Joer kritt an den nächsten Deeg eng Invitatioun, fir bei dëser Etüd matzemaachen. Et geet drëm, eng bestëmmte Schlofstéierung ze detektéieren, déi eventuell mat der Parkinson-Krankheet zesummenhänke kéint.
Den Hubert Sauber war mat Schlofproblemer gehäit. Hie selwer huet nëmme gemierkt, dass hien heiansdo moies ongewéinlech midd war oder dass hie mol nuets wakereg ginn ass. Hien huet ronderëm sech geschloen an huet och emol seng Fra gestouss.
Hien huet sech am Schloflabo ënnersiche gelooss. An effektiv: hien huet sech vill beweegt an zwar an der REM-Phas, wou een dreemt an d'Muskelen eigentlech ganz entspaant sinn. D'Diagnos: hie leit u sougenannte REM-Schlofverhalensstéierungen. Dat ka behandelt ginn, mëttlerweil schléift den Hubert Sauber och besser.
D'Neurologen interesséiere sech besonnesch fir dës Zort vu Schlofstéierung. D'Fuerscher ginn dovunner aus, dass et e Lien tëscht de REM-Schlofproblemer an neurologesche Krankheete gëtt. Den Neurolog Prof. Rejko Krüger erkläert: “Mir kennen Iwwergäng tëschent de REM-Schlofverhalenstéierung an neurodegenerative Krankheete wéi typescherweis Parkinson a mir gesinn och, dass vill Parkinson-Patiente REM-Schlofverhalenstéierungen hunn.”
D'Méiglechkeet, dass seng Schlofproblemer en Indice fir Parkinson kéinte sinn, ware fir den Hubert Sauber e klenge Schock. D'Diagnos Parkinson huet sech a sengem Fall net confirméiert.
Parkinson kann net geheelt ginn, et ginn nëmme Medikamenter, déi dofir suergen, dass se méi lues verleeft. Déi grouss Schlof-Etüd, déi an dësen Deeg lancéiert gëtt, soll dozou bäidroen, fir Parkinson besser ze verstoen.
“Mir siche virun allem REM-Schlofverhalensstéierungs-Patienten, déi keng neuro-degeneritiv Krankheeten hunn, fir ze kucken, ob et Facteure ginn, fir neurologesch Problemer virauszesoen oder ginn et Symptomer, déi mir mat Zäite behandele kënnen, fir dass sech duerno keng weider Krankheeten entwéckelen”, esou de Prof. Krüger.
Jiddwereen tëscht 55 a 75 ass dozou opgeruff bei der Schlof-Etüd matzemaachen, och wann hie keng Schlofproblemer huet. D'Fuerscher wëllen esou och erausfannen, wéi gutt d'Lëtzebuerger iwwerhaapt schlofen.