Reaktioun op Kritik"Natierlech ginn d'Doktere mat abezunn" esou Responsabel vu Projet Jonglënster

RTL Lëtzebuerg
D'Hôpitaux Robert Schuman, d'Fondation Hôpitaux Robert Schuman an d'Gemeng Jonglënster reagéieren op d'Kritik um geplangten, medezineschen Zenter.
© pressphoto.rtl.lu (archiv)

Déi lokal Doktere solle beim Plangen an Ëmsetze matschwätzen. Déi liberal Medezinner vum HRS-Grupp respektiv hir Vertrieder gi selbstverständlech an d’Entwécklung vum Projet matagebonnen, heescht et an engem Communiqué. Viru Wochen ass jo en Ofkommes tëscht der Fondation Hôpitaux Robert Schuman an der Gemeng ënnerschriwwe ginn. Do geet et ëm den Terrain, deen d’Gemeng zur Verfügung stellt. Den Zenter soll vun der HRS S.A. bedriwwe ginn, wou d’Spidol Kierchbierg jo derzou gehéiert.

Den Zenter soll déi medezinesch Offer am Oste vum Land verbesseren. Wann et gesetzlech méiglech ass a politesch gewënscht, sou déi Responsabel vum geplangte Projet.

PDF: De Communiqué vun der Gemeng Jonglënster

Back to Top
CIM LOGO