Chamberkommissioun JustizMussen Hochzäiten no der Corona-Kris nees an der Gemeng ofgehale ginn?

RTL Lëtzebuerg
Der CSV no misst d'Gemeng decidéieren, d'ADR ënnerstëtzt d'Bestietnis an engem Centre culturel, der Piratepartei no soll ee kënne fräi wielen.

Chamberkommissioun Justiz - Reportage Eric Ewald

An Noutsituatioune wéi där aktueller soll eng Hochzäit z.B. och am Festsall vun enger Gemeng kënnen ofgehale ginn: Dat war e Constat, e Mëttwoch de Moien an der Chamberkommissioun vun der Justiz. Woumat d'Dier awer net op wär, fir dono egal wou e Bestietnis kënnen duerchzeféieren, huet de Gilles Roth gemengt.

An den Ae vum CSV-Deputéierte wär et dann nees un der Gemeng ze decidéieren, wou deen ëffentlechen Akt sollt sinn. Soudass, wann erëm alles normal ass, eng Hochzäit op en Neits an der normaler Salle de mariage vun enger Gemeng sollt sinn.

D'Iddi, fir e Bestietnis z.B. och an engem Centre culturel kënnen ze maachen, fënnt och d'Ënnerstëtzung vun der ADR, wougéint fir d'Piratepartei jidderee fräi sollt kënne wielen, wou e seng Hochzäit wëll feieren.

Dem Marc Goergen no misst och a Fro gestallt ginn, ob de Buergermeeschter déi Zeremonie duerchféiere muss: "Wann de Buergermeeschter refuséiert, op déi Plazen ze goen, wou de Bierger awer seng Hochzäit wëll maachen, muss ee vläicht iergend eng Kéier de System iwwerdenken, ob et nach zäitgerecht ass oder ob een net do eng extra Tâche op enger Gemeng schaaft, fir dass een awer dee schéinsten Dag vum Liewen, deen et jo eigentlech soll sinn, kënne sou, fräi no sengem Wonsch, gestalten."

De Vertrieder vun de Piraten denkt do z.B. un e Vertrieder vun der Gemeng, deen och e Bestietnis an der Kierch ofhale kéint.

Kritiséiert huet de Marc Goergen, dass sech d'CSV an d'ADR déi aner Woch schonn nees physesch fir eng Kommissiounssëtzung wëlle gesinn; an Zäite vu „Bleift doheem“ sollt een dat weider iwwer Visiokonferenz maachen!

A propos Kommissiounssëtzung déi aner Woch: Do kënnt d'Waffegesetz erëm op d'Tapéit. De Roy Reding huet an deem Kontext u ganz vill Spannungen tëscht Oppositioun a Majoritéit erënnert, well de Felix Braz wäit iwwert d'Zil erausgeschoss wär: "Et ass jo eng europäesch Direktiv, déi u sech geholl ginn ass no Terrorattacke mat automatesche Waffen. Doraus ass dunn eppes ganz Schreckleches gi fir sämtlech Waffesammler, Waffeliebhaber, Jeeër, Sportschützen asw.. Et kann nëmmen nach an de positive Sënn goen, well vill méi schlëmm wéi dat, wat do louch, konnt et net méi ginn!"

Den ADR-Deputéierten hofft dann och op positiv Amendementer vum Sam Tanson.

An a propos Sam Tanson: De Gilles Roth vun der CSV huet vun engem, Zitat, „ganz gudden Echange mat der Justizministesch“ geschwat: "D'Madame Tanson ass och op fir gutt Propositioune vun der Oppositioun, an ech fannen, dass an enger gudder Demokratie dat och sou soll sinn! Jiddereen huet seng Roll ze spillen, d'Oppositioun an d'Majoritéit, a mat der Madame Tanson fonctionéiert dat excellent! Ech géif mer wënschen, dass dat mat anere Regierungsmemberen och sou géif fonctionéieren: Leider ass dat net ëmmer de Fall!".

Back to Top
CIM LOGO